Dienstag, 21. Juli 2020

Rechtsstaatlechkeet.


Am dréiwe Waasser fëschen.

Rechtsstaatlechkeet.

Bring, bring, bring, ..... !
Hallo, hei ass de Jang aus dem Rechtsstaate Lëtzebuerg vum Kalebierg.
Moien, Jang! Hei ass de Chrëscht vun de Banannekëscht!
Moien, Chrëscht!
Jang ech wollt, dech froen? Wéi ass et Geeschter beim Aendokter gaangen!
Ech muss nach zwee Méint waarden fir operéiert ze ginn!
Oh! Mamm! Ech wollt dech froen wat ass Rechtsstaatlechkeet!
Ech wës et net! Wan den Urban aus Ungarn bei de Fro vun de Rechtsstaatlechkeet als de grousse Gewënner eraus geet mat sengem Onrechtsstaatlechkeet!
Dann huet Géiss, Fierkele geworf!
Dat huet näischt mat engem Staat ze dinn, wou déi riets Parteien an de Majoritéit sinn! Et geet ëm Rechter vun de Bierger am Staat!
Ass Lëtzebuerg, dann een Staat wou Rechtsstaatlechkeet garantéiert ass.
Chrëscht, Rechtsstaatlechkeet fänkt bäi de Demokratie un, wou Vollek Soen huet! Huet eng Monarchie an de Staatsrot eppes an engem Demokratesche Staat wéi Lëtzebuerg ze sichen, Trennung vu Staat an Reliounen huet Lëtzebuerg geschafft!
Mer hunn eng fräi Justiz, Pressefräiheet, fräi Walen zu Lëtzebuerg Jiddereen kann dee Gott ubieden, wou hien mengt wär dee richtegen!  Mer eng grouss Zuel vu Fräiheeten!
Dofir gouf Geeschter Rechtsstaatlechkeet um EU-Sommet nei definéiert!
Jang! Eppes wat mer net ganz kloer ass! Wéi sou kann eise Premier  entscheeden, ouni säi Parlament ze froen!
De Premier huet ee Parlament, wou déi einfach Majoritéit duerch déi dräi Regierungsparteien garantéiert ass!
Jang, wann et awer ëm déi siwen Honnert Milliarden Euro geet?
Chrëscht ech hätt och léiwer bäi esou héijen Zommen misst mat enger absolutter Majoritéit an de Chamber geneemegt ginn!
Jang, eise Premier huet gesot EU wär keen Zesummeschloss vu Geméishändler!
Chrëscht, wat wëlls du domadder soen!
Ass Lëtzebuerg net awer och een klenge Geméisbuttek!
Chrëscht bäi iech do uewen an de Banannekëscht gesäit  dat sech villäicht esou un. Um Krautmaart gesäit een dat anescht aus!
Jang, ech loossen dech!
Chrëscht, denk drun Lëtzebuerg ass ee Rechtsstaat, och wann et heiansdo net esou ausgesäit!
Jang, dann hale de Bock nach ee Joer!

Keine Kommentare:

Kommentar posten