Och Rousen musse gestäipt ginn.
Politeschen Antipasta!Als Zeileschréifer ass et schonn gutt an engem Demokrateschen Land seng Meenung dierfen ze soen an ze schreiwen! Meenungsfräiheet an Fräiheet vun de Presse, gëtt de Bierger Gefill an engem Fräien Land ze liewen! Wann et net déi Schäinhellegkeet vu Bigottisten géif ginn, déi eng Spuer vun Schläim a Näid hannerloossen! Meng Tëntenoder reagéiert op esou Munches wat an den Zeitungen geschriwwe steet, net ëmmer huet meng Tëntenoder Verständnes fir de Journalist vum Artikel sech erhofft. Meenungsfräiheet ass ee Recht vum Bierger, hien muss sech net un al aner Meenung muss u passen! Verséichen eemol mat engem Beispill Meenungsfräiheet ze erklären. Meenungsfräiheet ass wéi eng Tomat. Tomat ass een gesond Geméis. Fir Gesondheet ze schounen, soll een Schuel an Kären vun de Tomat net matiessen! Dovun ass net al Zeitung, och mäin "t" net ausgeschloss, ee Meenungsmécher ass do, wou een net ëmmer de gläicher Meenung muss sinn, wéi déi an engem Artikel publizéiert gëtt! Esou ass muncher Artikel, eppes wéi eng Antipasta, dat op engem Stéck frëscher Baguette schmaacht, op schonn een net wës aus wat den Antipasta besteet! Dofir léif Journalisten mat enger dënner Haut, Blogger a Mënschen déi Kommentare schreiwen, wëllen de Journalisten net de Botter vun hirer Kuscht huelen! Awer loosst hinnen hir fräi Meenung.
Fräi Journalisten si meng grouss Frënn an et meescht Spaass si ze liesen.
An dat ass ech gutt esou! Ginn sougenannten Journalisten, déi Aufsätz fir hir Zeitung schreiwen an et gëtt Blogger déi hir eegen Meenung an Texter verfaassen an publizéieren a fir hir Texter och ridd stoen mussen! An ech sinn houfereg drop, virun siechzeg Joer mäin éischten Text am "t", hun dierfen publizéieren! Die jungen Löwen!
|
Keine Kommentare:
Kommentar posten