Samstag, 25. Juli 2020

Ouni Journalisten, wär eis Gesellschaft blann.


Opgekläerte.

Ouni Journalisten, wär

eis Gesellschaft blann.

Et kann een an enger Demokratie, als Bierger sech schwéier virstellen ouni Informatiounen vun de Journalisten an den Zeitungen an Televisioun, Demokratie kënnen auszeliewen!
Een vun de Medikamenter, déi eis Gesellschaft  virun de Blannheet schützen soll, sinn Informatiounen déi un Journalisten fléissen!
Een groussen Deel wat a mengem "t" oder aneren Zeitungen vu geschriwwen Texter vu Journalisten stinn, muss ee net all liesen.
Zeitungen sinn op Pabeier gedréckten politesch Medien, déi Multiplicateuren vun den verschiddenen politeschen Meenungen sinn.
Meenungsfräiheet ass ee Mëttel, datt Bierger an eiser Gesellschaft drun hënnert, och nach  daf a stomm ze ginn!
Nëmmen fir drun ze erënneren.
Den 1. Juli 1951 gouf ech Member an de LSAP, deemools stoung nach an de Statuten, datt een misst Abonnent beim "t" sinn, oder een "t" am Stot hunn!
Mam Abonnement vum " t" huet een no baussen gewisen, dat een Sozialisten bäi de Walen wielt an hier Politik fir gutt a richteg fënnt!
Déi wou deemools "L W" haten, waren Pafen!
Zeitung war wéi eng ëffentlech Identitéit vum de politescher Astellung vum Bierger.
Déi Identitéit ass am Laf vun de Zäit verluer gaangen!
Demokratie zu Lëtzebuerg vun de Parteien léist zou, datt een een Abonnement beim L W huet an LSAP stëmmt. Dat och ëmgedréint ka sinn!
Et gi keng kloer Grenzen méi, tëschent de LSAP an de CSV.
Do hätt de Jang, mäi Grousspapp gesot, dat ass alles Speck an Schwéngefleesch!
Déi allermeeschten Journalisten vum "t", sinn politesch Lénks ausgeriicht!
Oft muss een sech froen, ass "t" selwer nach Zeitung vun de politescher Lénker?
Oder ass et nëmmen eng Hand voll vu Journalisten beim "t", deenen hir Texter politesch op de Säit vum OGB-L,  de LSAP an de Schaffenden stinn!
An de Rescht ass Wischiwaschi!


Keine Kommentare:

Kommentar posten