Freitag, 17. Juli 2020

Wou ass de Summer?


Och dat si Rousen.


Wou ass de Summer?



Bring, bring, bring, br... .

Hallo,
Moien Jang, hei ass deRené vu Balplakeg, ech wollt dech froen, vermësst du näischt?
Schonn!
Jang, wéi ech de Mueren Rolllueden erop gezunn hunn, duecht ech ass dat schonn Hierscht? Du wäerts den Summer dach net verschlooft hunn? Hunn mäin Handy geholl fir den Datum ze kucken et war awer den 17. Juli.
René, dat doten hate mer alles schonn. Déi Keelt dorop freet sech de Coronavirus. Firwat mengs dat Zuelen erëm an loucht ginn?
Ech duecht dat wär, duerch Ondiziplin vun ee puer Battien.
Dat och. Kuck op Mallorca hunn se Ballerman missen zou maachen!
Si hunn se jo extra mam Fliger dorower geholl! Fir ze balleren?
An Lëtzebuerg gouf zum Risikoland erkläert!
Jang, wa Lëtzebuerg sech dat gefale léist.
Lëtzebuerger sollen eemol bis den 1ten August net déi aner Säit vun de Musel akafe goen. Dat ass dach elauter politeschen Schiribarri?
René, do seet eis Ausseminister net. Merte alors!
Vun Deenen, deet kee dem Aneren wéie.
Ma du sës et!
Jang, ee Sonndeg hu mer Kiermes zu Balplakeg, ech wollt dech alueden!
René, datt ass ganz léif. Ech muss ee Mengden bäi den Aendokter, muss mam Groe Star mat deenen zwee Aen operéiert ginn!
Jang, da wënschen ech vill Chance.
Merci! René wou leit dann Balplakeg?
Net weit vun Veianen et ass dat läscht Duerf virun de Eifel!
Da kanns du op Vulkanséien fësche goen!
Jang, awer net am Rollstull!
René, an eisem Alter ass net méi vill vum Liewen ze er waarden!
Erwaarden kann een sech Alles!
Jang, ech loossen dech, bis eng aner Kéier!
René et géif mech fréien!
Mech och.




Keine Kommentare:

Kommentar posten