Katze.
Zäit ass Stress.Et ass ëmmer schwéier. wann Zäit engem fortleeft, fir nach eng anstänneg Entscheedung ze treffen. Um EU-Sommet huet et einfach un Zäit gefeelt! Den Zäitdrock war ze héich fir anstänneg Decisiounen ze huelen. Eng Kubelbotsch voll ass ongeléist, leien bliwwen.
Mer kënnen dat Alleguerten, bäi all deenen Prüfungen déi mer eis als Bierger am Liewen hu misse stellen! Ee wéineg méi Zäit hätt ech missen hunn, dann hätt ech den Examen gepaakt! De Mënsch ass säi Liewe laang an Zäitnot! Vun de Gebuert bis an den Doud! Esouguer um Stierfbett, hätt ee méi Zäit gebraucht fir säin Testament ze änneren!
Wann een et gewosst hätt, hätt een sech an Frënn kënnen aussichen. iergend wéi hat ee keng Zäit! Mat all deem Stress huet een seng Mask vergiesst! Beim Psychiater kënnt een net op Kautsch, vergiessen ëmmer meng Mask unzedoen, dofir sinn ech beim Séilentréischter! Hu Auer zéng Minutten virgedréint, fir méi Zäit ze hunn! Alles déngt näischt, Zäitnot kënnt keng Auer! Mol probéieren mat ee wéineg méi Disziplin! Auer dréit nëmmen an enger Richtung! Eppes wat et net dierf an engem Rechtsstaat ginn, ass Zäitmangel bäi Entscheedungen! Zäit ass eng Demokratesch Uerdnung.
|
Keine Kommentare:
Kommentar posten