Sonntag, 26. Juli 2020

Haut ass Sonndeg.


Vun Hand koloréieren Portrait.

Haut ass Sonndeg.

Haut ass Sonndeg, een Dag wéi déi aner Deeg an de Woch, Mount, Joer bis zu deem Dag wou den Otem engem ausgeet!
An de Kannerzäit huet de Sonndeg Anescht ausgesinn.
Klacken hu gelaut fir déi Gleeweg an Houmass ze rufen!
Giedel hat dat beschte Schiedeg un an de Pätter war frësch gebigelt an hat seng gëllen Auer an de Giletstäsch an säin Hänsen huet gedëmpt mam Tubak an enger spatzer Tut vum Fixmer vun Ettelbréck!
Kanner waren frësch gebuert. Sonndeger waren aneschtëss wéi Haut!
Haut war de Pätter doheem a war net um Laangentour vun 24 Stonnen op de Schmelz.
Vu menger Gebuert un waren meng Grousselteren ëmmer de Pätter an Giedel, ni de Jang an Kät!
Haut ginn Grousselteren vun de Kanner mat hirem éischte Numm geruff, genee wéi de Schoulmeeschter an Léierinne!
Net méi Här Léierer oder d' Joffer!
Et ass Haut, alles méi riderwäsch.
Just den Här Paschtouer an Schwëster hu mussen Blat botzen!
Fir den Drock ass de Schoulklassen ze huelen.
Mer hunn nach geléiert mat enger Fieder, schéin ze schreiwen!
Haut gëtt an Schoulen mat engem Bueterkulli geschriwwen oder direkt an hir Tablette getippt.
Mer haten ee Schoulmeeschter, dat war ee Kommunist, a Plaz mueres ze bieden, hu mer Kapprechnen gemacht!
 A Sonndegmëttes goung et an dee nei Zinema! Krut vu mengem Papp ee Frang wann ech net an Mass ginn a vu menger Mamm ee Frang wann ech an Mass goung!
Déi zwee Frang ass duer gaangen fir an den Zinema an eng hallef Baguette an de Paus!
Dat wären Haut, fënnef Cents.
Loosse mer Vergaangenheet rouen!
Iech Alleguerten ee schéine Sonndeg!
Bäi mer gëtt et Haut, Kniddelen mat Gréiwen drop an Kallefsragout!


Keine Kommentare:

Kommentar posten