Schéiss zu Rëmeleng.
Gequellte Gromperen mat Brach.
Bring, bring, bring, bring, bring ... . Jo, Hallo, hei ass de Jang! Hei ass de Metti vun Buuschteg! Wat gëtt et da néis zu Buuschteg? Et huet sech net vill geännert am Duerf, si sinn nach alleguerten Buuschteg! Jang! Wat has du der fir de Mëtte gekacht! Gequellte Gromperen mat Brach! Super!
A fir wat sinn se nach ëmmer buuschteg? Mer hunn esou eng schéin Plage um Séi an Leit déi fir de Weekend op de Séi kommen, dierfen net parken wou se wëllen. Metti dat ass awer normal, do wou et verbueden ass ze parken, däerf een net Parken! Et ass wéin s Veräiner, déi hu Stänn mat Gedrénks, a Bréidercher a Glace um Still! Veräiner brauchen déi Suen! Metti, ech verstinn Veräiner! Police meescht nëmmen hier Aarbecht! Metti ech gesinn keen Rettungsschwëmmer op dem héije Stull sëtzen zu Buuschteg um Séi! Neen! Da gëtt et net! Dat bedeit, wa kee Schwammmeeschter op de Plage ass, dierf och keen am Séi schwammen! So Metti! Wosst du schonn dat eng Maske wéi eng Capot ass! Jang! Et huet kee Wäert, du schwätzt elauter Brach! Salut! Brach Metti! Jang, bass du buuschteg! Gréiss mer Buuschteg um Séi! Metti ech muss, Brach siicht Lach!
|
Keine Kommentare:
Kommentar posten