Nuetsstëmmung.
Déi Zäit dono.
Bring, bring, .... . Hallo! Hei beim Jang vum Kalebierg! Moien, Jang! Hei ass de Pierjen vu Buuschteg! Jang wat hätt dan Menschenrechtkommissioun, gären vun de Gesondheetsministesch gehat? Dat sinn elauter Literaturtheoretiker wat Mënscherechter betrëfft! Jang, wat hätt den Ënnergrond am Krich sech gefreet, wann déi Leit hätte kënnen eng Hand mat upaken am Kampf géint Zersetzung vun de Preisescher Wehrmacht! Ech wës net, Jang! Op dat eng Hëllef gewiescht wär! Eis Elteren hu Nuechten laang net roueg geschlof, wa mer een Lëtzebuerger Jong am Haus haten, dee net méi wollt zeréck un Front goen! Pierjen, kanns du dech nach drun erënneren, wéi mer zu Heiderscheid, ee puer Deeg an de Verkanz waren, beim Jos senger Schwëster! De Jos war bei eis verstoppt, ass awer nës bäi seng Kolleegen Heem gaangen an gouf do an hirem Bunker vun de Preisen an Luucht gesprengt! Dat vergiessen ech ni, wéi op de Gare zu Ettelbréck virun engem Kettenhond stoung , mat de Hand op senger 08! Mat engem Heil Hitler! Goufe mer net kontrolléiert! Pierjen mer waren, nëmmen Kanner! Jang, deemools hatt ech an Box gepisst! Mer haten Valise mam Speck an den Eeër awer ganz Heem kritt! Firwat ginn dee Virspriecher fir Mënscherechter net an Turkei, Syrien, Russland, an esou weider! Wou déi Mënschen bäi enger Demonstratioun fir méi Mënscherechter an de Prisong kommen! Zu Lëtzebuerg geschitt dat net! Pierjen, wéi eis Papen véierzéng Deeg um Wal louchen,wëll Gestapo op de Siich no hinnen waren! Deemools waren den Albert an de Néckel net méi mat Zäiten fort komm a goufen iergendwou an engem Bësch erschoss! Jang, et war eng batter Zäit fir déi Bierger wou sech fir Mënscherechter a gesat hunn! Och net méi zeréck un Front goen, war een Mënschenrecht
Ma! Du sës et! Erënnerungen, doen nach Haut wéi! Jang, gréiss mer eis Frënn vun deemools! Pierjen, et ginn de net méi vill! Gréiss mer ganz Buuschteg! An du de Kalebierg! Nach een schéinen Dag!
|
Keine Kommentare:
Kommentar posten