Samstag, 18. Juli 2020

Ee Samschdeg fir ze vergiessen.


Nature an hir Kreativitéit.

Ee Samschde fir ze vergiessen.

Kréien nach ëmmer keng Sue aus dem Geldautomat vu menger Bank.
Mäin éischte Gedanken war, du bas ze déif am Keller bäi denger Bank.
Fréi krute op de Schmelz dräi mol eng Tute mat eisen Suen!
Do ass et kee Keller bäi de Schmelz ginn!
Haut wou een iwwerall déi Plastikskaart brauch, ass et net gesot, datt du och ëmmer Bores hues!
Esou ass et mer Haut ergaangen!
Den Akaf fir déi nächst Woch ass an Waasser gefall.
Puffen an deene grousse Geschäfter dat gëtt et net!
Do war dat fréier bäi eis do Heem, wa keng Sue méi do waren ass gepufft ginn! An den Dag vun de Paie ass bezuelt ginn! Beim Metzler gouf et eng Koppel Fierteger a beim Bäcker dräi Kaffiskichelcher!
Do hunn Bäckeren missen Brout vun fënnef Pond baken!
Et ass awer gutt, datt déi Zäit eriwwer ass!
Leit hu méi ze summen gehalen an si haten méi ee klengen Raum fir dran ze liewen!
Oft kruten Better keng Zäit fir kal ze ginn, da louch dee nächsten schonn nës am Bett!
Ganz Diddeleng ass op Tute vun de Schmelz gaangen.
An Schoulsäll houngen déi schéin Biller vum Domnique Lang.
Awer Haut!
Gutt datt et muer Sonndeg ass!




Keine Kommentare:

Kommentar posten