Freitag, 31. Juli 2020

De roude Buedem an de Minette.


Däi Zäit brauche mer net méi.

De roude Buedem an de Minette.

Haut gëtt de roude Buedem aus dem Minette eng Landschaft gebuddelt huet, wéi een Fräizäit-Park fir Kulturjoer vun de Stad Esch am Joer 2022, de Visiteuren aus dem Ausland virgestallt, ouni ze soen dat déi roude Buedem mat vill Blutt gedränkt ass vun de Grouwenaarbechter déi  am Schäin vun Karbidsluuchten an  de Däischtert vun de Galerie oder ënnert fräiem Himmel  hiert Liewen verluer hunn, ënnert den Doudegen waren och Kanner!
Dee roude Buedem soll fir eis Gäscht eng grouss Spillplaz ginn, wou een all méiglechen Fräizäit Hobby kann aus féieren!
Minette hätt sech och net schlecht gemaach, als Bio-Landschaft,  wou Natur sech an de leeschten fofzeg Joer, vill geschafft huet fir sech  ze regeneréieren!
Hir Aarbecht muss net, vu Leit futti getrëppelt ginn!
Erënnere mech un Bretagne op de Côte d' Armor hu missen Spadséierweeër laanscht Mir mat hirer eemoleger Flora missen mat Seeler of gegrenzt ginn  a vun de Police bewaacht gouf!
Leit déi et net fäerdegbréngen,  Virschrëften vun de Hygiène beim Covid-19 an ze halen. huelen och keng Récksiicht op Natur!
Natur an den Minièren ënnert dem fräien Himmel, gehéiert kengem Schéinheetsveräin oder enger Kultur Gemeng
Natur gehéiert de Allgemengheet!
Ee Frënd vum Huttbierg!
 

Keine Kommentare:

Kommentar posten