Sonntag, 28. Juni 2020

Wann aus A a B, AB gëtt


Germaine.

Wann aus A a B, AB gëtt.

Bring, bring, bring ... !

Margréitchen, Margréit, Gréit, den Telefon rabbelt!

Jang, ech kann net hexen!

Jo, hei ass Quetscheblo vum Kalebierg!

Hei ass den Hugo, ass de Jang do!

Hien sëtzt nach op de Toilette! Ëm wat geet et dann?

Hei, sinn ech. Moien Hugo wéi geet et dir esou! Du rouden Husar!

Jang, ech froe mech wat déi mat Schoule maachen. Elo wëllen se Klassen, déi an A a B opgedeelt waren nës zesummen an eng Klass maachen!

Hugo, ech mengen am Schoulministère hunn ze de Fuedem verluer! Firwat net alles esou loossen bis no de Vakanz! A Plaz Kanner nach esou ze quälen!

Hugo si hunn de Bloenhouscht!

Jang, wann si dat schonn mat de Kanner maachen, firwat schécken si déi Deputéiert net erëm an Chamber a Plaz am Danzsall ze loossen? Si fäerten, si géifen sech mam Koronavirus unzestiechen!

Awer bäi de Kanner ass dat egal!

Et si jo hier Kanner net!

Hugo beroueg dech! Si maachen dach wéi si wëllen!

Hugo, wou bass du elo drun?

Zu Roudemaacher. Ech konnt den Haussënz net méi bezuelen! An Kanner ginn zu Diddeleng an den LNB!

Elteren hunn ee Bus organiséiert, deen Kanner vu Roudemaacher, Grouss-Hetteng, Kampfen an Vourmereng op Diddeleng an Schoul féiert! Dofir bezuele mer all Mount 100 Euro pro Kand!

Hugo dat ass jo verréckt!

Ma do sëss de gutt! Si ginn op Diddeleng an de LNB wënns de Sproochen! Si wëllen spéider op Lëtzebuerg schaffen goen!

Hugo, a wou schafft du dann!

Meng Fra an ech, sinn den Ament am Chômage! Wann du an Frankräich plënners, bass du automatesch Frontalier!

Hugo an dann erzielen si eis vun engem Europa ouni Grenzen!

Jang, komm mol bäi eis op Roudemaacher, hei wunne méi Lëtzebuerger wéi Fransousen!

Hugo ech kënnen Roudemacher aus dem Krich vum Widderstand an ech hat de Premier Grand. Prix vu de Fotoen mam Titel "Vieux Pierres" gewonnen!

Déi Foto vum ale Kierfecht hänkt nach Haut an de Gemeng!

Jang ech loossen dech, mer hunn Sonndegmueren ëmmer een Apéritiv beim  op de Gemengeplaz!

Hugo, maach Saach gutt!

Maachen ech!


 




Keine Kommentare:

Kommentar posten