Samstag, 27. Juni 2020

Wou sinn se hin?



Spadséiergang.

Wou sinn se hin?

Bring, bring, bring, bring, br...
Hallo! Ech sinn ausser Otem!
Hei ass Schwademacher Marie-Gabrielle vun Schwaarzwampech!
Marie-Gabrielle!
Schwaarzwampech?
Da ass am Eisleck un de Grenz fir an Nei- Belgien?
Marie-Gabrielle elo wäerten Stroosse voll mat Touristen sinn?
Jang, Stroossen si wéi ausgestuerwen!
Bei dem schéine Wieder!
Jang, ech hun de Camping um Schwaarze Weier!
Da bass du ëmmer an de Vakanz!
Een alen décken Mummen!
O Mamm, ass et esou schlëmm?
Dat dauer op mannst dräi Joer, ier mer den Verloscht nës gutt ge maacht hunn!
Jang, ech wollt d'ech froen, op ech eng Demande fir Subside ka stellen!
Marie-Gabrielle, al Geschäftsmann kritt Suen an de Kap geheit!
Jang, si brauchen mer Sue net an de Kap ze geheien! Ech brauch Suen op mengem Konto vu menger Bank!
Eise Minister fir den Tourismus, stinn Hoer zu Bierg. Wann hien eng Pressekonferenz, op RTL hält!
Jang, hien erënnert mech ëmmer un den Hardy mam Laurel!
An hien gläicht him och!
Ech denken ëmmer sollen déi Suen et bis an eis schéint Eisleck packen!
Eis Gemeng ass eng schwaarz Gemeng vum Buergermeeschter bis zum Koschter!
Also Marie-Gabrielle déi politesch Faarf vun enger Gemeng dierft net beim verdeelen vun de Subsiden, keng Roll spillen!
Stell den Antrag!
Jang, ech muss kucken fir un de Schoulmeeschter ze kommen, hien ass och Gemengesekretär, wësste Jang esou ee Bréif schreiwen ass net esou einfach!
Mariette soll ech der Demande fir den Subside schreiwen, ech schécken de Bréif mat de Enveloppe op Schwaarzwampech, do brauchs  nëmmen nach ze ënnerschreiwen!
Jang, du bass eng Sonneblumm!
Marie- Gabrielle fänk elo net un flirten!
Aus dem Zant sech ech eraus!
Marie- Gabrielle pass op dech op a bleif gesond!
Du, och!
Merci am Viraus!
Maachen ech gäre!

Keine Kommentare:

Kommentar posten