Mittwoch, 17. Juni 2020

Et ass sabeleg Wieder.



Onkloer.

Et ass sabbeleg Wieder.
Bring, bring, bring, br..
Hallo!
Moien Jang, wéi geet et dir esou an de Kris mam Movid-19.
Mer geet et relativ gutt! Kanns du mer soen Wien du bas!
Ech sinn de Martin vun Drënner an Driwwer! Kanns du de net méi u mech erënneren? Mer waren dach zesummen um Militärgeriicht, wëll ech net mat enger Chainiette um Bierg laanscht Mauer koum!
Jo, an ech war um Gericht, wëll ech net bäi Militär wollt goen!
Dat war dach 1952! An ech war schonn bestuet!
Ech gouf verurteelt, hunn dierfen dräi Joer laang net, ouni Geneemegung vum Gericht, Land verloossen!
Jang, mer waren deemools schonn haart Nëss!
Jang, et brauch een elo am Auto, keng Mask méi un ze doen!
Martin, dat ass dach gutt esou!
Jang, ech hunn awer keen Auto! Am Bus an am Zuch muss ech eng Mask undoen!
Wann du am Bus oder dem Zuch zwee Meter vun dem nächsten Passagéier ewech bass, brauch de och am Bus an am Zuch keng Mask!
Ouni Mask un ze hunn, kommen ech net an de Bus an den Zuch!
Martin, wéi oft ass dat da schonn virkoum!
Nach ni! Ech fueren ëmmer nach ma Vëlo!
An dengem Alter?
Hunn ee Vëlo mat engem elektreschen Hëllefsmotor!
Am Duerf Drënner an Driwwer, kënnen Leit mech.
Wann s du mam Vëlo eraus fiers, wärten Mammen hir Kanner eran an Hënn eran ruffen!
Esou änlech ass et! Haaptsaach ech hunn Stroosse fir mech!
Martin wat hues du eng Chance, zou Drënner an Driwwer ze wunnen!
Ma, dat sëss de gutt!
Hang, firwat ech dech uruffen!
Jo! Martin!
Jang, du häss awer an dengem Blog, net esou missen op CSV klappen!
Martin, zanter wéini bis du an de CSV?
Zanter dat ech bestuet sinn!
Jang, als alen Diddelenger stëmmen ech nach ëmmer LSAP!
Martin! Liewen ass net ëmmer einfach!
Dat sës du gutt!
Martin, Merci fir däin Uruff!
Merci, fir däi Nolauschteren!
Gär geschitt!
Leit hunn awer Problemer!


Keine Kommentare:

Kommentar posten