Eng Zäit wéi gemoolt.
Ufro vun Dieren Aascht.Bring. bring, bring .., . Hallo! Moien Spatz, hei ass Mariette vun Dieren Aascht! Mariette, wou ass dat dann? Direkt hanner Giele Botter. Mariette, am viraus schonn Merci fir däin Uruff! Dat freet mech! Spatz ech wollt dech froen op du kee Spaass heest fir eng Woch erop op Dieren Aascht ze kommen fir dech an eiser frëscher Loft ze erhuelen! Wou kënns du dann u mech, Mariette! Mer waren allen Zwee um Deich an de Schoul. A meng Elteren hunn op de Schmelz an de Stolstrooss gewunnt! Wéi kënns du dann op Dieren Aascht? Méi Papp war een Gielemännchen an nom Krich hu mer misse plënneren an ech sinn hei uewen hänke bliwwen! Soll ech dann elo eng Woch bäi dir schlofen! Ech hat een Hotel, datt mäi Bouf iwwerholl huet an säi Jong ass de Kachschoul zu Dikrech! Mariette, elo sinn ech berouegt! Ech duecht du häss eng wëlles mat mer! Et ass wéinst dem Tourismus, wat mer méi Better am Hotel beluet hunn, wat mer méi héich Subsiden kréien! Wat kascht, déi Erhuelung fir eng Woch zu Dieren Aascht! Du bezils den hallwen Präis, an de Ministère vum Tourismus déi aner Hallschent! Ech wäert jo, net an Laberente kommen! Neen! Spatz dat ass eng eemoleg Aktioun, fir den Tourismus nës un rullen ze kréien! Mariette, wéi vill Better huet dann Hotel? Aacht schéin Hotelszëmmeren! Awer mer hunn eng ganz gutt Kichen! An do bezuelen ech och nëmmen den hallwen Präis? Spatz, an engem Stäre Restaurant sinn Präisser no uewen op! Mariette, datt kann ech mer mat menger Rent net leeschten! Spatz, du kanns jo am Hotel schlofen a bäi mer iessen! An Mëttes kanns du mat mer am Rollstull spazéieren goen! Mariette, dat deet mer leet! Ech sinn blann! Spatz, géi kuckt déi Film op de TV fäerdeg! Ech sëtzen och net am Rollstull! Mariette gréiss mer Leit vun Dieren Aascht! Spatz, dat maachen ech!
|
Keine Kommentare:
Kommentar posten