Dienstag, 16. Juni 2020

Laanscht de Summerwee! Ee Blummenmärchen fir Kanner bis 99 Joer!

Jean Bodry Blogger Schief doduerch
Laanscht de Summerwee!
Ee Blummemärchen fir Kanner bis 99 Joer!

Zwou Pissblummen um Summerwee, hunn zesummen gepotert! Et waren de Iwwerzeegung, datt si als Pissblumm ze bezeechnen,  eng Diskriminéierung, vun hirer Zorte vun Blummen ass, wann net esou guer eng Aarteverleeschnung!
Wëll mer mat eise giele Käpp, loossen mer eis Wisen op liewen!
Elo kënnt een décken Auto gefuer! Déi wëllt bäi eis stoe bleiwen! A firwat grad bäi eis.
Et ass een Auto, dee mat mat Blummen dekoréiert ass!
Autosdier ass iwwer  Käpp vun den Pissblummen ewech geflunn! Eng Sonneblumm klëmmt aus dem Auto!
Déi wäert jo hoffentlech net denken, wëll zwou Pissblummen hei stinn et wär eng Plaz fir ze pissen!
Sonneblumm huet Pissblummen vun uewenerof u  gekuckt a gelaacht!
Sonneblumm setzt sech op de Rampli, meescht hiren Laptop op a sicht déi digital Iwwerdroung vum DP Kongress.
Déi zwou Pissblummen goufen ongewollt zum Nolauschterer.
Madamm Presidentin vun de DP huet vill geschwat, ouni ze soen wéi déi Blo Schéinheet vun de Lëtzebuerger Politik soll bezuelt ginn! 
An Beliichtung ass net gutt, sot déi eng Pissblumm! Si ass a Wierklechkeet ee wéineg méi schéin!
Déi aner Pissblumm sot. Awer net vill!
De Premier huet de Punkt op den "i" gesat, an dem hien sot, dat war deen éischten an och den leeschten digitalen Kongress vun de DP!
Sonneblumm um Rampli huet hiren Laptop zou geklappt, a sot dofir wäert ech schonn suergen!
Déi zwou Pissblummen hunn sech bekuckt an sinn zum Premier an enger Regierung gewiescht sinn! Wann Sonneblumm dat seet!
Ech hat eise Premier awer gäre, hin huet kenger Pissblumm eppes zu Leeds gedoen!
Dat ass esou ee feine Mann!?
Awer, Sonneblumm mam décken Auto voll Blummen, war schéin buuschteg!
War dat net Sonneblumm vum Haff.
Wou eise Premier. Si aus dem Organigramm vun de Blummen um Haff eraus gehäit huet!
Wéi ech dat an de Noriichten héieren hun, ass mer bal de Still gebrach!
Mäi Still, war a geknecks!
Ech hunn ee Wonsch eemol als Pissblumm am Park vun de Sonneblumm, dierfen ze bléien!
Wann Sonneblumm dech als Pissblumm erbléckst, kënnt de Gäertner mat de Méimaschinne!
Enger Pissblumm hiert Liewen ass meeschtens kuerz!
Awer mer kommen all Joer erëm!
Ma Pissblumm, du sës et!
Bevir de Gäertner mat Méimaschinn eis ëmméit, wëll ech nach soen, datt de Sonneblumm hir Buuschtegkeet mer gefält!
Mer och!
Si huet  et net einfach, ënnert dem bloen DP-Himmel um Haff.
Dat sëss de g... !
Brrrrrrrrrrrrrrrrrrrrrrrrrrrr!



Keine Kommentare:

Kommentar posten