
Iwwermoolten, Fräiheet.
Ee Liewen an enger iwwermoolter Gesellschaft, mat ofgestanner Loft!
Wann an enger Gesellschaft, de Sauerstoff dee wichteg ass fir ze iwwerliewen schlecht verdeelt gëtt, wiest Onrou bäi de Mënschen an eiser der Gesellschaft. Wou net al Bierger, dee Sauerstoff kritt deen hien brauch fir ze iwwerliewen!
De Sauerstoff huet vill Gesichter, eng sécher Aarbechtsplaz, een Loun mat deem hien seng Famillje kann ernieren an eng Wunneng, ëffentlech Schoulen fir seng Kanner, Crèchen fir déi Kanner wou Elteren oder déi eleng erzéien Mammen musse schaffen goen, asw.
Op den éischten Bléck kënnt ee soen, dat hu mer dach alles!
Domadder gëtt Aarmut op de Fassade vum Land vun eiser Gesellschaft, iwwermoolt!
Bierger, déi Haut ënner Vulnerabele an engem Dossier klasséiert an of gestallt gëtt!
Déi Vulnerabel déi eleng liewen, goufen an de Kriss mam Covid-19 net betreit a keen huet un der Fieschterdier geschellt a gefrot, wéi geet iech, brauch de Hëllef, gitt och gären getest?
Alles dat vum Staat ze verlaangen, wär ee wéineg vill!
Politiker déi Gemenge féieren, hunn dat och net gemaach!
Op schonn et Leit an de Gemenge gëtt, déi dofir bezuelt ginn!
Et ass net schéin ze héieren, datt an menger Strooss Leit gëtt, déi dräizéng Wochen net ënnert de Leit waren!
Déi agespaart an hiren véier Maueren!
Wëll net behaapten, awer denken schonn dat an de Kris mam Covid-19
eng Gettoiséierung statt fonnt huet!
Et war net dee Ghetto vu Warschau!
Awer de Bierger gouf deelweis, de Sauerstoff geholl de liewenswichteg ass.
Deen Sauerstoff gouf zum Luxus, deen verschidden Leit konnten sech déi Luxus leeschten, fir aneren goung net duer fir anstänneg ze ootmen!
Een anert Bild op de Fassade vun eiser Gesellschaft, wäisst wéi Suen an eiser Gesellschaft verdeelt ginn an dem Aarmut den Otem hellt!
Et geschéien déi konterbosseg Saachen! Do kritt an de Stad Lëtzebuerg al Geschäftsmann 1000 Euro fir Ënnerstëtzung vu Steiergelder vun de Bierger an de Betriber!
Besser wär gewiescht, sech mat zéng honnert Euro Schäiner fir un Geschäfter ze stellen an un Leit verdeelen déi an dat Geschäft akafen goungen, awer knapp bäi Mënz sinn!
Et richt een déi ofgestallte Loft, wann een sech an eiser Gesellschaft beweegt!
Geschäfter, Hotellen, Restauranten sinn op, a kee geet do hin!
Een Deel vun eiser Nationaler Wirtschaft gouf am Krich mam Covid-19, conventréiert!
Si gehéieren eiser Geschicht un! Och déi Geschäfter déi net méi op maachen!
De Schutz vun de Bierger hirer Gesondheet huet missen sinn!
Et gouf vill Nodeeler fir Bierger an dëser Kris!
Regierungspolitik war eppes wéi eng Tombola, mat vill nieten.
Keine Kommentare:
Kommentar posten