Samstag, 20. Juni 2020

Sech do Heem fillen.


Et wor eemol, Rëmeleng.

Sech do Heem fillen.

Et sinn net ëmmer déi schéinst an de gréisste Stied wou een sech Doheem fillt.
Et sinn Stied wéi Rëmeleng, wou du dee Schweess nach Haut, wéi een  Parfum riicht vun de Mënschen, déi an dem deemolegen Kaff, Minette aus de Bierger ronderëm Rëmeleng eraus gebuddelt hunn!
Si hunn esou laang Minette aus Rëmelenger Buedem fir Stolindustrie aus dem Buedem geholl, bis si an uecht geholl hunn, datt si am Dall wou si mat hire Famillje gewunnt hunn, keng Plaz méi haten fir hir Doudeger ze begruewen!
1907 gouf Rëmeleng eng Stad, bis Haut nach ëmmer de Charakter vun enger Duerf Gemeng!
Een kënnt een deen Aneren!
De Räichtum vun de Gemeng Rëmeleng ass, an de Gemeng Rëmeleng wunnen prozentual déi meeschten aarm Leit vu Lëtzebuerg!
Et ass net deen Aarmut an deem eis Grousselteren mat hiren Kanner gelieft hunn!
Solidaritéit vun de Bierger vu Rëmeleng, huet dozou  bäi gedroen, datt een den Aarmut net gesinn huet!
Dat huet och mat de Geschicht vu Rëmeleng ze dinn! Immigratioun vun den Immigranten aus Italien, hunn net nëmmen eng nei Kichen a Sprooch mat an Gemeng bruecht!
Et waren Handwierker, Kënschtler, Geschäftsleit déi op Rëmeleng immigréiert sinn! Et war och hir politesch Astellung, déi hinnen et an hirer Heemecht, ee weider liewen onméiglech gemaach huet!
Si kruten zu Rëmeleng Aarbecht an konnten hir politesch Astellung weider liewen! Et waren gréissten Deels Sozialisten an Kommunisten!
Si hunn an de Galerien Geschafft an hunn déi haiteg Kierch zu Rëmeleng mat gehollef op bauen!
Haut gëtt et zu Rëmeleng nach ëmmer Nokommen vun den deemolegen Immigréierten Familljen!
Si hu nei Familljen gegrënnt mat Rëmelenger Meedercher an Jongen an hunn sech am Sport an de Musek mat a bruecht!
Déi italienesch Kichen gouf vun de Gromperen Iesser u geholl!
An dorunner huet sech bis Haut net vill geännert!
Et war eng douce Immigratioun, wou Mënschen nach Mënschen waren!





Keine Kommentare:

Kommentar posten