Hunchereng mat de Uelzecht.
Onsen National Féierdag.
De National Féierdag vun enger Natioun, misst deen Dag sinn, wou gesongen a wéi Fatz um Bengel an de Stroosse gedanzt géif ginn, wou een mat Frënn an deene Mënschen déi aus de Friemd bäi ons koumen, als Gaascht géif zesummen féieren!
Um Kanounenhiwwel, treffen sech Notabilitéiten vum Land fir drun ze erënnert, wat Lëtzebuerger alles erlidden hunn am Zweeten Weltkrich!
Kee vun deenen déi um Kanounenhiwwel stinn, waren zu der Zäit gebueren, de Groussherzog Henri fänkt mat sengem Schleefsäbel déi éiweg Flame un!
Den Te Deum gëtt duerch Stëllmassen ersat!
Dat war et!
Vill Bierger wäerten, dem Minister vum Tourismus widderspriechen an um Nationalen Féierdag, déi aner Säit vun Musel akafe goen, ee Pättchen drénken an gutt Iessen!
An Si haten een schéinen Lëtzebuerger National Féierdag!
Wärend déi aner hei Heem hocken an waarden op de Mëttwochmueren!
Et ass schued, datt Séil vun onser Natioun, esou ofgewäert gëtt!
Firwat net eise Nationalen Féierdag op een spéideren Datum verleeën??
Hu mer als Natioun zu Lëtzebuerger, deen leescht Stolz an de Kris mam Coronavirus verluer?
Ass an enger Multikultureller Gesellschaft, wéi Lëtzebuerg eng ass, wou déi Leit aus de Friemd schaffen an eisen Dreck ewech maachen, nach berechtegt!
Ouni déi Friem géif kee Waasser am Bett vun de Uelzecht méi fléissen.
Wou Uelzecht duerch Wiesen zitt ....
|
Keine Kommentare:
Kommentar posten