Freitag, 19. Juni 2020

Dräi Beem an zwou Bânken!


Dräi Beem an zwou Bänken.

Mir sinn an enger Phase vum Austrëtt aus de Kris vum Covid-19!
De Coronavirus ass nach ëmmer ënner eis, mir haten an de Kris déi richteg Mëttelen agesat, déi Zuelen vun den Doudeger duerch de Covid-19 an Grenze gehalen hunn.
Titelbild vun dësem Blog entspriecht menger Virstellung, dräi Beem fir Regierung an hirem Schied stinn zwou Bänken fir Parteien an de Chamber!
Gläich wat um Krautmaart gezielt gëtt et deet mer leet fir eis Groussherzoginne Charlotte, déi dat alles muss nolauschteren!
Wéi an de Kris vun Stolindustrie, et puer dausend Aarbechter an Fréipensioun geschéckt goufen, war den haitegen President vun de Gesondheetskommissioun, Sozial an Gesondheetsminister!
Um Een vun de Fréipensioun haten déi meescht, 8o % manner an AIV a bezuelt!
Ech fäerten dat déi Leit déi Haut an de Kris missen do Heem bleiwen, och een Deel vun de Cotisatiounen net bezuelt ginn!
An déi feelen spéider bäi de Pensioun!
Et gouf de Leit Recht entzunn fir schaffen ze goen!
Et gëtt keng Garantie, datt si déi Léin vu virun de Kris, nach eemol zeréck kréien!
Vill vun hinnen bleiwen no de Kris méi aarm wéi virun de Kris.
Subventiounen déi un Privatbetriber bezuelt ginn, wäerten net un hir Aarbechter an de privaten Betriber weider geleet ginn!
Bäi manner Personal, mussen déi aner méi schaffen!
Ënnerstëtzung vum Staat fir déi kleng Betriber wäerten an den Täschen vun de Patronen Betriber verschwannen!
Firwat dat Geschäfleit déi mat hirem Geschäft wollten op halen, mat   5 000 Euro nach ënnerstëtzt goufen?
Mat de Géisskan iwwert Land!
Mer mussen no de Kris eng Grouss Revisioun maachen, wou Stéiersuen al hi koum sinn!
Et ass einfach Suen ze verdeelen, déi engem seng net sinn!
Schéier tëschend Aarm an Räich geet och an Zukunft ëmmer méi weis aus enaner!
Een deen seng Wieler fir domm hält, ass no de nächste Walen deen Dommen! Parteien net vergiessen!

Keine Kommentare:

Kommentar posten