![]() |
| Jean Bodry Blogger Schief doduerch. |
Den Zuch ass fort!
De Chef de Gare , kann um Quai vun de CSV, esou oft a vill mat senger Päif trälleren, et fiert keen Zuch méi op hirem Gleis vun de grousser politesche Gare vu Lëtzebuerg!
De Chef de Quai kann seng Kap mat senger Päif un de Nol hänken!
Et ass eegendlech Schued, awer et huet misse sinn, datt CSV päifen op de Gare vun de Regierung, verbueden krut!
Si kënnen dat politescht Stellwierk vun de Regierung, vu baussen kucken, dierfen awer keng Weiche méi an de Lëtzebuerger Politik ëmleeën.
Haut sinn et Regierungsmemberen vun de haiteger Regierung, déi Zoustänneg sinn fir Zich an Gare an aus de Gare fort fueren ze loossen.
Och, déi politesch Fuerpläng hunn sech geännert an den Ëffentlechentransport ass gratis!
Natierlech géif CSV nach gären an de Regierungspolitik, een Wiertchen mat schwätzen! Méi net eemol ee pipsecht Wuert!
Firwat sollen Wieler, CSV als Partei nach wielen, wann keng Partei, déi zu enger Majoritéit fir eng Regierung gebraucht gëtt, wëllt mat de CSV koaliséieren!
Wat hu mer an de Vergaangenheet, wou mer déi gréissten Partei an de Regierung waren, falsch gemaach, datt mer Haut lénks oder riets leien gelooss ginn!
Mer hunn mat gestëmmt fir Trennung vun Staat an Reliounen!
Dat gouf vu vill vun hire Wieler als Verrot um Choix vun de Reliounsfräiheet gesinn!
An wéi dir, deen deemolegen Premier J.C. Junker am Reen stoe gelooss huet!
Mam Hannergedanken, datt no de nächsten Walen, een aneren vun de CSV géif Premier ginn!
Der huet schonn zweemol den Zuch verpasst fir mat an eng Regierung ze goen! Och, wann den Zuch esou just fort war!
Wieler hunn mat de Zäit gemierkt, datt et gutt ass, dat déi Partei net méi an de Regierung ass!
Kolleegen an de CSV, erlaabt mer ze soen!
Eng fréier Regierungspartei mat dem Organigramm vun Haut, ka Muer keng Walen méi gewannen!
Villäicht Iwwermuer? Oder nach méi spéit!
Wann CSV nës eng politesch Schluecht wëll gewannen, brauch si eng nei Wick fir datt den fiichten Schwaarzepolfer nës eng Explosivwaff politesch gëtt!
Wann CSV nës eng politesch Schluecht wëll gewannen, brauch si eng nei Wick fir datt den fiichten Schwaarzepolfer nës eng Explosivwaff politesch gëtt!

Keine Kommentare:
Kommentar posten