Dienstag, 23. Juni 2020

Déi schéinste Blumm verblitt!



Eng Foto an de Rumm.

  Déi schéinste Blumm verblitt!

Eng Geschicht um Diddelenger Maart erzielt.

Liewen huet vill Falen, duecht de Jempi.
Vill Leit, déi versichen engem aarme Mënsch, dee leeschte Sou aus de Täsch ze zéien. Si stellen Falen op, vir un dem Jempi seng leescht Suen ze kommen.
Si hunn dem Jempi, säi Vertrauen am Viséier, an er fannen al Dag  aner Ursaachen fir un dem Jempi, seng leescht Suen ze kommen.
Falesteller hunn ganz schnell eraus fonnt, datt beim Jempi, Guttheet een Stéck vun de Dommheet ass.
Esou laang wéi de Jempi Suen hat, esou laang gouf hien ge hätschel a gelueft! An Hunneg ronderem Maul geschmiert!
De Jempi huet erzielt, datt Geldchlaangen dee hien géifen plëmmen, hien ass Maus.
De Jempi huet ëmmer geduecht, wann hien eemol esou Geschichten um Maart zu Diddeleng héieren huet, esou eppes passéiert, dem Jempi net!
Bis datt hien gesot krut, déi Compte op Bank ass gespaart! De Jempi ass aus ale Wolleken gefall. An huet sech gefrot, wou si meng Suen hi koum?
De Jempi, huet seng leescht fofzeg Euro op den Dësch geluet.
Plëmmerinne huet se gebraucht fir op eisem National Féierdag op Tréier akafen ze goen!
De Jempi, wës sech sengen Hänn kee Rot méi!
Soll de Jempi, déi nächste Kéier, wann si schaffen kënnt, soen.
Madamm leet mäin Hausschlëssel op de Kicheschaf, ech kann iech net méi bezuelen! Wat denken déi aner am Duerf?
De Jempi ass eleng. Keen do wou him bäi senger Entscheedung, eng Hand géife mat upaken.
Jempi, mengt hien hätt ze laang no gekuckt!
De Jempi seet, dat alles wär seng Schold!
De Jempi konnt ni nee soen!
An dat war dem Jempi säi Feeler!
Dat wat de Jempi denkt ze maachen, sinn déi puer Kröten, déi him nach op de Bank bleiwen ze schützen, datt kee Frieme méi dru kënnt.
De Jempi huet schonn zéng Nuechten net méi richteg geschlof an mam kachen fonctionéiert och net méi!
De Jempi ass een Vulnerabelen ale Mënsch, deen am Keller vu senger Bank do Heem ass!
De Jempi ass eng aarme Sau! Awer eng gutt Sau!
Ech huelen de Jempi, mol eng Woch bäi mech Heem! Kolleegen sinn do fir ze hëllefen! Wann een gudden Kolleeg an Nout ass.
Mer liewen an enger houerer Welt!
De Jempi mengt, eemol aarm, ëmmer aarm!
Wéi de Jempi, Rieden déi um Kanounenhiwwel gehale goufen no gelauschtert hat! Duecht de Jempi, wou liewen déi Leit do.
Déi sollen eemol bäi eis op Duerf vun de dräi Prommebeem kommen, da gesinn se wat Solidaritéit ass, do kuckt Jiddereen no sech!
All Blummen verbléien, just déi aus Plastik net! 

Keine Kommentare:

Kommentar posten