![]() |
| Jean Bodry Blogger Schief doduerch. |
Wann et hell gëtt dobaussen.
Wann ee Al gëtt, meescht een Saachen!
Hunn meng Rolllueden an de Schlofkummer ëmmer nëmmen hallef erof.
Wann et hell an de Kummer gëtt, stinn ech op.
Ee Freideg duecht ech, wéi ech nach e wéineg getompt hunn! Wéi ech den Deckel vum rietsen Ae gehuewen hunn!
Mat dem schlechte Wieder, duecht ech, haut gëtt et net richteg hell, stee op.
Wéi ech an meng Kichen koum, war et eréischt 6. Auer.
Jang, Haut gëtt et nës ee laangen Dag!
Haut um hellen Sonndeg, mat der Hellegkeet am Schlofzëmmer, gëtt et Zäit fir Kautsch ze verloossen.
War Geeschter zou Owend an Dusch, hat mer meng frësch Wäsch fir de Sonndeg, schonn eraus geluecht!
Esou goung frësch gebigelt a gestrigelt an Kichen fir mäi Schocki an enger Mëtsch, ze fidderen! Meng Pëllen dierf ech net vergiessen!
Een Dënschden muss ech mer de Wecker riichten, um 10.30 muss ech bäi Aendokter sinn.
Ech wollt esou bäi den Optiker goen. Do sot mäin Hausdokter géi bäi den Aendokter, mat all deene Pëllen wou du al Dag muss huelen, sinn de dobäi déi de Ae kënne schloen!
Wéi ech als Kand mäin éischte Brëll krut, sot den Aendokter zu menger Mamm, hien schluppt ze vill Eeër!
Haut heescht et du bas ze vill um Computer!
An den mäin Hausdokter sot. Jang! Du muss al Dag een Ee iessen!
Sos geet du op eemol an Getten!
Mam Fleesch hun ech Problemer!
Jang, du hues ee Bluttdrock vun 13 - 7 an 51 Bols, du bas Kärgesonde!
A fir wat ass mer da mat Momenter esou Sau schlecht!
Jang, dat aner Joer kriss du 90 Joer!
Dokter ass dat esou?
Et wär ze hoffen!
Dat meescht 72,50 Euro!
An vun de CNS kréien ech nëmmen 50 Euro erëm!
Kënnt CNS, deen ale Leit net al puer Joer een neien Brëll bezuelen.
Elo mat de Kris vum Coronavirus ... .
Wien kuckt dann no den alen Leit!
Jang, ech muss goen, déi aner Patienten waarden.
Avoir, an Merci!
Et huet een, als Rentner net de Geldschësser.

Keine Kommentare:
Kommentar posten