Fräiheet ass ee Märchen.

Jean Bodry Blogger Schief doduerch.
Bring, bring, bring, bri... .

Hei ass Schnéiwittschen aus dem Blo Klapp!
Moien, hei ass de Jang vum Kalebierg!
Moien, Spatz!
Ech wollt dech froen op kee vun dengen siwen Zwergen do Heem ass!
Jang, déi sinn an Léi op Terrasse een huelen!
Schnéiwittschen, dierfen déi dann zu Siewen, eleng op eng Terrasse sech sëtzen!
Jang, meng siwen Zwergen sinn Männer!
Finnchen, wollt dech froen op de Nuckes do Heem ass!
Neen!
Jang, drénkste gären eng Tase Kaffi mat mer?
Firwat heeste du de Nuckes gebraucht?
Ech wollt hien froen op mer net zu Véier kënnten eng Partie mat de Kaart maachen!
Jang wou liefs, du!
Um Kalebierg zu Keel! Finnchen!
De Nuckes hat schonn de Mueren bäi de Roude Pier an de Schiele Batti op Tattebierg telefonéiert fir een Dësch ze reservéieren, fir de Mëtten eng Partie Kaart ze maachen!
Si hun de Nuckes gefrot, op hien se nach Al hätt!
Firwat geet dat net!
Si mussen op dem Dësch véier Trennwänn stellen, wou ënnen an al Trennwand ee Schlitz ass fir Kaarten ze spillen! An dat ass nach net Alles, dee wou Kaarte stéckelt a gëtt, muss sech allkéiers Hänn desinfizéieren. A no all Partie muss een neit Kaartespill geholl ginn!
O! Mamm Finnchen!
Jang! Op de Keelebunnen ass et nach schlëmmer!
Finnchen, ech mengen ech kommen awer léiwer bäi d'ech an de Blo Klapp eng Tase Kaffi drénken!
Ech komme bäi Dauwequelle, da kënne mer e wéineg mat enaner poteren!
Op emol huet duerch de Bësch, de Gesang vun den siwen Zwerge geschalt!
Hei hi, hei ho, elo si mer geschwënn beim Schnéiwittchen!
Hoffendlech schléift net! Hei di, hei do.
Stopp! Ech hu meng Piosch op de Terrasse léie gelooss!
Sempele, dat hate mer schonn!
Jang! Ech muss kachen goen fir meng siwen Zwergen!
Fräiheet ass awer nëmmen ee Märchen!

Keine Kommentare:
Kommentar posten