Montag, 25. Mai 2020

Päischtrousen verbléien.

Jean Bodry Blogger Schief doduerch.

Päischtrousen verbléien.

Et ass elo un de Zäit, wou een an de Gäert Päischtrousen  an voller Bléi nach ka bewonneren!
Wat kann een zu dëser Zäit nach bewonneren?
An enger Kris mat enger Inflatioun, déi sech op de Wee meescht fir Mënschen op de Welt zu Drëttlänner ze maachen!
Dës Entwécklung gëtt vun de Regierungen, déi mat Milliarden Euro ëm sech werfen, verleegent! Et sinn Milliarden déi vun de Staaten net erschaff goufen!
Et sinn Suen, déi gepufft goufen, bäi de EZB déi aus Faillitten stamen! Déi och net vun de Staaten erschafft goufen.
Et sinn Inflatioun Suen!
Honnert Euro, sinn och an de Inflatioun nach ëmmer nach ëmmer 100 Euro,
Wat sinn Haut nach 100 Euro wäert, wéi virun zwanzeg Joer?
Zu de Zäit vu de Kris hate meng Grousselteren, nach  blo Puffbichelcher!
Haut sinn Kelleren vu de Banken, vun de Leit hirem Puff zoustänneg!
Inflatioun gëtt ausgelagert an de Banken hir Kelleren!
De Puff bäi den de Banken, huet och ee Verfallsdatum, wann Léin an Renten net méi duer ginn, fir weider ze liewen an de Puff an de Keller vun de Bank ze bezuelen-!
Wéi vill Puff fiert op de Stroossen!
Ouni Puff géifen et keng Stauen ginn!
Firwat ass schaffen do Heem esou beléift! 
Wëll vill Leit Këschten vum  Wee op Aarbecht an nës Heem spueren!
Et ass so awer net Mënschlech wann eng Mamm oder Papp bäi de Aarbecht do Heem, sech och nach Léierpersonal muss ersetzen!
Fir mech als Fotograf, wär Foto vum Joer, wou eng Mamm bäi de Aarbecht um Computer hirem Kand, Broscht gëtt!
Da wäre mer op engem Maschtepull vun de Neon - liberaler Wirtschaft u komm.
Kuckt mol bäi Reportagen um TV, wéi Leit beschongt sinn!
Déi opgebauschte Wirtschaftspolitik vum Wuelstand a Räichtum ass eng Illusioun, déi de Bierger op eisem Planéit op de Kap fält!
Dat ass keng Illusioun, méi et ass Wierklechkeet, déi de Mënschen nach bevir steet!
Iergend wou steet geschriwwen, datt een Geldfoxer aus dem Tempel soll verdräiwen.

 



 

Keine Kommentare:

Kommentar posten