![]() |
| Jean Bodry Blogger Schief doduerch. |
Ee Been méi kuerz.
Bring, bring,bring, ... .
Moien, Jang! Hei ass de Karlo aus de Schifergrouf!
Moien, Karlo scho laang näischt mee vun der héieren. Wéi geet et der dann esou.
Jang, ech si mat de Hëft operéiert, ech war ab de Grouf gefall, do ass dem Äppelchen gebrach!
Karlo, dat maachen si Haut rucki zucke!
Dat kann sinn Jang!
Ech hunn missen zweemol operéiert ginn!
Jang, et ass bal net ze gleewen, wéi ech geléiert hu goen, hunn si gemierkt dat ech schlamm gaangen sinn, do hunn se gesinn. Been war dräi Zentimeter méi kuerz.
An do hunn ech nach eemol missen operéiert ginn! An elo sinn ech schonn véier Méint am Krankeschäin.
Karlo, an elo kann du awer nës riet goen?
Eenegermoossen!
Wee eenegermoossen?
Elo ass dat Been een Zentimeter ze laang! Ech hunn elo méi eng déck Suel op deen anere Schong kritt!Elo ginn ech erëm riet!
Carlo a wat vir enger Klinik bass du dann operéiert ginn?
Klinik ass wonnerbar!
Wéi heescht déi Klinik dann!
Chemansky, Klinik leit eng 300 Kilometer virun Paräis. Also déi Klinik ass ee Bijou! Dat wat net esou gutt ass, do gëtt nëmmen franséisch geschwat!
Carlo! Hues du Personal net verstanen?
Dach!
Jang! Si hu mech verwinnt bis an de Aarsch!
Carlo, wéin huet der, de Lavement gemaach!
Eng franséisch Madamm!
Et war eng schéin Zäit!
Du hues dach missen zweemol ënnert Messer!
Et war méi schéin wéi do Heem, tëschend véier Maueren ze sëtzen an Iessen op Rieder!
Carlo! Frees du da kee Schuedenersatz?
Jang! Ech hu gefrot! Assurance sot! Da muss de nach eemol operéiert ginn, bis dat dir ritt kënnt goen!
Carlo, gudde Courage a pass op datt du net fäls!
Jang dat maachen ech!
Carlo, ech muss och mat deenen zwee Aen operéiert ginn! Hunn de groe Star!
A wou gëss de operéiert an de Klinik um Bierg mat de Kierch!
Saluti!
Carlo, gudde Courage a pass op datt du net fäls!
Jang dat maachen ech!
Carlo, ech muss och mat deenen zwee Aen operéiert ginn! Hunn de groe Star!
A wou gëss de operéiert an de Klinik um Bierg mat de Kierch!
Saluti!

Keine Kommentare:
Kommentar posten