Dienstag, 26. Mai 2020

Eng Kubelbotsch voll Experten.

 Jean Bodry Blogger Schief doduerch.

Eng Kubelbotsch voll Experten.

Et ass eng Manie. Oder besser gesot, wann Politiker oder Organisatioun net méi wëssen, wat se solle maachen, wa kee hinne méi gleeft wat se soen!
Da gëtt een Expert abestallt fir de Leit ze erklären, wat déi net wëssen hinne wëllen soen!
Een Expert, ass een Mënsch deen dovunner lieft,  de Leit ze zielen, datt sech bäi enger Expertise wat se soen als falsch a net ëmmer richteg ass! Si hunn een Doktertitel, deen se bäi all Geleeënheet  an Fënster stellen!
An de Stolindustrie hunn Ingenieuren, bäi de ARBED zu Diddeleng hir Aarbecht gemaach, mat véier Dokteraarbechten op de Universitéit vun Aachen. Déi ni mat Dokter ugeriet goufen!
Si haten ee ganz Fondéiert wëssen, wéi een aus Minette, Blech ka maachen! Wann se dat net mat hirem Wëssen fäerdeg bruecht hunn, haten hier véier Dokteraarbechten fir ARBED kee Wäert!
Wann een Noriichten an déi Extra Sendungen op de Televisioun kuckt! Dierf et kee Covid-19 mee op eisem Planéit ginn.
Wann een al déi Meenungen vun de Virologen an een Dëppen werft, kritt een eng Mëschung vun Onwëssenheet, iwwert den Covid-19  eraus! Déi net wëssen ass.
Eng Mëschung déi net verhënnert, dat nach ee Mënsch um Coronavirus stierft!
Et ass scho komesch, datt et puer vun deenen Experten et fäerdeg bréngen fir an esou vill Sendungen op ze trieden!
Déi richteg Fuerscher déi an hire Laboen experimentéieren fir een Impfstoff ze fannen, mat dem Mënschheet op eisem Planéit kann vun dëser Plo erléist ginn!
Déi geséit een net op de Televisioun!
Wëll se sech ze schued sinn!
  

Keine Kommentare:

Kommentar posten