![]() |
Jean Bodry Blogger Schief doduerch. |
Realitéit a Normalitéit.
Déi nei Normalitéit gouf zu Lëtzebuerg vun hiren Bierger u geholl!
Déi nei Normalitéit, gëtt net als Aschränkung vun de hirer perséinlecher Fräiheet ëmfonnt!
Et gesäit een, datt een mat manner Fräiheet, méi Zäit huet fir méi Perséinlech Fräiheet!
Et brauch een manner Zäit, wéi bäi engem ondisziplinéiert Verhalen.
Geeschter bei enger Visitt beim Aendokter, waren ni méi wéi zwou Persounen am Waardezëmmer!
Bäi menger leeschte Visitt beim Aendokter virun engem Joer, war dat nach dee Chaos am Waardezëmmer!
Dat wat manner gutt ass dat waarden virun de Groussgeschäfter beim Akaf, do geet vill Zäit verluer, déi Zäit huet de Bierger manner fir seng Fräizäit!
Do wär een Geste vun de Geschäfter ubruecht, fir hire Clienten een Akafsbong géife ginn fir Waardezäit ze kompenséieren!
Waardezäit ass ee Verloscht vun de Fräizäit!
Fir déi Bierger, wou um Coronavirus erkrank sinn, oder an Quarantänn hu missen goen, war et net esou schéin!
Kris mam Coronavirus huet an eiser Gesellschaft, een Ëmdenken mat sech bruecht!
Ëmdenken huet och mat sech bruecht, datt et eisem Klima besser geet!
Natierlech stinn Betriber déi net liewenswichteg sinn virum aus.
Liewenswichteg huet näischt mat zesummen sinn, ze dinn!
Et ass ee Stéck vum Puzzel vun eiser Gesellschaft!
Déi nei Normalitéit bréngt mat sech, datt Parteien déi net an de Regierung sinn, déi nei Normalitéit kritiséieren!
Ouni ze soen, wéi een déi nei Normalitéit kënnt besser maachen!
Och déi Leit déi op Strooss ginn an demonstréieren fir méi Fräiheet!
Wëssen net wat et heescht an enger Gesellschaft ze liewen, wou Fräiheet of geschaaft gouf!
Wann de Familljennumm drop higewisen huet, datt de Bierger fir Nazien ee Judd ass, konnt et fir dee Mënsch den Dout bedeiten!
Beschneiden vun de Fräiheet, war och datt aus dem Jean Bodry, een Johann Bodri gouf! Nom Krich kruten Leit hiren Richteg Nimm nës erëm!
Eng Zäit wou vill Lëtzebuerger Pappen an de KZ ter sutzen, an Fra mat de Kanner bis an Schlesien ëmgesidelt goufen!
An eng Generatioun vun Jongen a Meedercher zwangsrekrutéiert goufen!
Eng Zäit wou mer als Kanner kee Bereet duerften undoen.
An Donnestëschmëtten zu Diddeleng net hues dierfen an Duerf goen, wëll do déi Lëtzebuerger Präissen an hiren gielen Uniformen, trainéiert hunn fir hir spéider Opmarschen!
Déi Giel Uniformen hunn hinnen de Numm Gielemännchen ginn.
Déi verlueren Fräiheet vun Haut, ass déi Fräiheet déi mer net am Zweete Weltkrich haten!
Ass consomméieren méi Fräihzäit!
Oder nëmmen eng Illusioun ënnert engem Zwang!
Ass consomméieren méi Fräihzäit!
Oder nëmmen eng Illusioun ënnert engem Zwang!

Keine Kommentare:
Kommentar posten