Donnerstag, 28. Mai 2020

Am Keller ouni Trapp.

Jean Bodry Blogger Schief doduerch,

Am Keller ouni Trapp.

Bring, bring, bring, br... .
Hallo!
Moie. Jang!  Hei as de Jëss vun Hannertdräiprommebeem!
Jëss, wat hues de um Häerz!
Jang, ech hu meng Rente kritt, an ech si nach ëmmer am Keller bäi menger Bank!
Da bass du awer schéin am Debit!
Jëss ! Wat hues du da gemaach! 
Jang! Wa meng Nopesch hir Kommissiounen ge maacht huet, hunn ech hier meng Bancomatskaart mat ginn, fir mäin Akaf ze bezuelen. Wéi et sech spéider eraus gestallt huet, huet si mat menger Bankomatskaart. och hiren Akaf bezuelt!
Jëss, huet si de da ni, een Keesenziedel ginn!
Neen!
Hues de da soss keen am Duerf, deen deng Kommissiounen mat ka maachen!
Ech hunn ëmmer geduecht, dat ass fir Kommissioun an de Bensin! 
Hues du Nopesch da net zu riets gestallt ?
Dach! Do huet se gemotzt an elo bekuckt se mech net méi.
Sief frou datt dem Klaumarie lass bass,
Elo meescht eng aner Fra meng Kommissiounen. Wann si Kanner an Schoul féiert, meescht si mer meng Kommissiounen!
Ass déi Madamm da propper.?
Jo! Si ass eisem Buergermeeschter seng Fra!
Jëss, ech hun Frae kannt, wou de Mann Apdikter an Staatsanwalt war, déi geklaut hunn!
Jang! Déi bräichten dat jo awer net! 
Bäi deenen Fra heescht si sinn un de Kleptomanie erkrankt!
Bäi deen Aarmen  heescht et, si klauen!
A ginn agelacht!  A villäischt vun dem Staatsanwalt u geklot, dem seng Fra eng Kleptomaninne ass?
Jang! Ech duecht, Kleptomaninnen wären déi Fraen déi am Mëllerdall op de Fielsen klammen!
Watt liewen mer awer an enger verlugener Welt!
Ma! Du sës et!
Jëss, ech loossen dech! A kuck dat du aus dem Keller bäi Bank nës eraus kënns.
Maachen dat! 
Soss schléifs du geschwënn ënnert de Prommebeem!

Keine Kommentare:

Kommentar posten