![]() |
| Jean Bodry Blogger. |
Wann fir eise Premier den Dag kënnt, wou fir hien am Organigramm vun de Regierung keng Plaz méi ass? Stinn nei Politiker fir de Wiessel, an de Startbléck!
Wann een de Mueren um 11 Auer op RTL Pressekonferenz mat de Madamm Paulette Lenert an dem Här Claude Meisch vun de Regierung no gelauschtert huet, wéi explizitt hir Matdeelungen an Äntwerten op déi gestallten Froen waren, iwwer Kris mam COVID-19.
Kann een nëmmen den Hutt zéien!
Da éischt mat deem ech mech beschäftegt hunn, no de Pressekonferenz! War d'Fro op een zou all Moment zu Lëtzebuerg de Premier vun de Regierung kënnt auswiesselen?
Wat ech denken ass munchmol schwéier ze verstoen!
Si villäicht mat mengen Gedanken, ëmmer ee puer Schrëtt viraus!An dat ass an engem Demokrateschen Staat och erlaabt!
Dat wëllt net héijen, datt eise Premier, wéi séi Virgänger soll bäi de Grand-Duc Henri trëppelen fir datt nei Walen ausgeschriwwen ginn.
Hien kënnt villäicht, een Dag denken wéi den Etienne Schneider, ech hätt gären mäin alt Liewen erëm!
Oder no de nächsten Walen, schielt sech een neit politeschen Talent eraus, datt Lëtzebuerg an eng aner politesch Richtung géif féieren!
Et soll ee ni esou Gedanken ausschléissen!
Kënnt mer och virstellen, wann Kand vum Ierfgroussherzog an senger Fra gesond gebueren gëtt, eise Grand Duc Henri ofdankt an de Wee fräi meescht fir säi Jong, esou wéi säi Papp de Grand Duc Jean et fir Hien gemacht huet!
Dass net esou einfach ze verstoen!
28. Abrëll 2020.

Keine Kommentare:
Kommentar posten