| Gebuertsportrait vun enger Libell. |
2048.
An de Evakuatioun 1940!
Bopa, wéi hues den Zweeten Weltkrich erlieft!
Do war ech nach net gebueren!
Ka iech nëmmen dat erzielen wat mäi Grousspapp mer erzielt huet!
Hien huet mer erzielt, hat deemools 8. Joer.
Do war ech nach net gebueren!
Ka iech nëmmen dat erzielen wat mäi Grousspapp mer erzielt huet!
Hien huet mer erzielt, hat deemools 8. Joer.
Den 9. Mee 1940 sinn Kanner vun de Schmelz, wéi all Dag an Schoul gaangen!
Iwwerdeem Äiskeller fir erop an Schoul, krute si gesot et wär keng Schoul et wär Krich! De ganzen Dag gouf de Weenchen gelueden mat alles wat ee brauch wann een seng Heemecht muss verloossen!
Urgroussmamm huet och hire Weenchen gepackt!
Owens stoungen meng Grousselteren op de Trapp vun hirer Wirtschaft! Et waren och franséisch Zaldoten do!
An deen aneren Dag goung et an aller Fréi an Evakuatioun an Frankräich! Deen éischten Dag ware si 50 Kilometer gaangen bis op de Plateau de Langre! Deen aneren Dag goung et mam Zuch op Mâcon. Dee Weenchen an dat wat si net gepackt hunn, ass stoe bliwwen!
Bopa wéi al war de Grousspapp deemools?
8 Joer.
Den Direkter vum"t" de Franz Clement huet hinne Baguetten an Dosen mat Pater bruecht an Mëllech vir fir déi kleng Kanner.
Ee Kilometer vun Mâcon, sin si an eng Schoul aquartéiert ginn an ganz Famillje huet missen op ee groussen Haff schaffe goen!
Bopa! Haut dierfen Flüchtlingen net schaffen goen!
An de Schoul hu si op alen Matrazen geschlof!
Een gudden Dach ass Schnuck, dem Emile Mayrisch säi Meedchen op gedaucht! Mäi Grousspapp huet Schnuck kannt, si hunn als Kanner zesummen an de Millchen gespillt!
Schnuck war mat engem vum Creusot bestuet! An hat war op de Sich no den Aarbechter déi zu Diddeleng op de Schmelz geschafft hunn!
Hir Aarbechter waren am Krich!
Wat déi Däitsch Truppen ëmmer méi no koumen, hunn eis Grousspäpp misse Schützegriew eraus werfen!
Wéi déi éischt Präissen ënne laanscht den Haff gefuer sinn! Huet de Bauer vum Haff mat senger Fra den Haff verlooss an sot där dierf alles iessen, just Gebéiss muss de stoe loossen, dat ass fir eise Jong wann deen aus dem Krich nëss Heem kënnt!
Esou weit wéi ee gesinn, huet zum Haff gehéiert! An hannen drun
war den Haff vun hirem Jong senger Fra, dee war grad esou grouss!
Bopa hat déi da vill Béischten!
50 Kéi, sech Päerd dräi Geessen fir de Keess ze maachen, Hinger, Gänsen an Schwäin asw.
Hatten si da keen Trakteren?
Neen!
Dee dräi Familljen déi um Haff geschafft. konnten eréischt am September Heem goen. Virdrun hunn Gromper nach missten eraus geholl ginn!
Wéi si mam Zuch zu Paräis an de Gare Stoungen, hu si gesinn wéi Präissen, Waggonen mat Sëlwer an Konschtwierker voll gelueden hun fir Heim ins Reich!
Wéi si zu Diddeleng op de Schmelz ukoumen, hu si gesinn datt eis Haus vun de Fransousen aus de Majorlinne an ee Koup geschoss gouf!
An do koum deen schwéiersten Deel! Vum Zweeten Deel vum Krich, sot mäi Grousspapp!
Bopa erziel weider!
Eng aner kéier!
Jean Bodry den 25. Abrëll 2020.
Keine Kommentare:
Kommentar posten