![]() |
| Jean Bodry Blogger |
Et ass net ganz kloer?
Wéi ech de Mueren den Interview mat de Banneministerinne Taina Bofferding, am "t" geliest hat.
Duecht ech wat hat de Journalist mat dem Kräizverhéier wëlles.
Wär hin och esou aggressive gewiescht, wann hien der Ministesch vis a vis gesiess hätt, a Plaz iwwer Telephon?
Eis Banneministesch ze hëllefen oder politesch ze plëmmen.
Natierlech ass Si an de LSAP an domadder och eng Sozialisten an datt Wuelbefannen vun de Bierger an de Gemengen fir Si Fundament ass vun hirer Politik ass.
Fir wat muss Madamm Taina Bofferding sech vergläiche loosen mat aneren Memberen aus de Regierung?
Datt sech an de Kriss, regéieren méi staark op bekämpfen vum COVID-19 konzentréiert, steet Si Gesondheetsministesch méi am Fokus.
Firwat hutt dir keen Interview mat eisem President Xavier Bettel gemaach: " firwat datt hien am Hannergrond oder quasi an de Nationaler Politik of gedaucht ass"? Natierlech gesäit een eise Premier op de Fotoen an an de Reportagen vun RTL.
Déi grousse Aarbecht an de Kris mam COVID-19 gëtt vun de Gesondheetsministesch an hirem Ministère gemacht! Si mëscht dat gutt wéi al Minister vun de LSAP an de Regierung eng gutt politesch Aarbecht maachen!
Fir wat gëtt an de Medien ëmmer méi versicht fir Ministeren vun de LSAP ze plëmmen an blouss ze stellen!
Fir wat gëtt den Aarbechtsminister Dan Kersch als Kommunist duer gestallt, wëll hien eng lénks sozial Politik mäscht! An hien de Meenung ass, datt déi breet Schëlleren méi sollen droen wéi déi schmuel Schëlleren!
Fir wat muss de Minister vun de Schoulen, deen alles mëscht fir datt Kanner net ze vill verléieren vun de Ausbildung an de Schoul, duerch all Maschtepull geschleeft gëtt?
Firwat musst déi nei Direktesch vun de LSAP sech rechtfäerdegen wëll hire Papp Minister war?
Firwat muss eisen Dobaussenminister Jean Asselborn vun de LSAP verantwortlech gemacht gëtt wann Däitschland Grenzen op Lëtzebuerg zou meescht?
Firwat musst déi nei Direktesch vun de LSAP sech rechtfäerdegen wëll hire Papp Minister war?
Firwat muss eisen Dobaussenminister Jean Asselborn vun de LSAP verantwortlech gemacht gëtt wann Däitschland Grenzen op Lëtzebuerg zou meescht?
Den Hannergrond kënnen ech net.
Kënnt mer awer denken ... .
Den 28. Abrëll 2020.

Keine Kommentare:
Kommentar posten