| Den 28. Mee 2013. |
Meegléckercher.
Fir den 1. Mee waren Meegléckercher,
Zeechen vum neien Fréijoer.
Meegléckercher goufen un Frënn verschenkt
mam Wonsch op ee bessert Joer.
Hire Parfum een Hauch vun Hoffnung,
datt Aarbechtsplazen erhalen bleiwen.
Datt Kanner net hongreg an Schoul ginn,
Elteren an Grousselteren nach laang
mat eis zesummen liewe kënnen.
Eng Famillje wou keen eleng bleift,
an de leeschte Stonnen vusengem Liewen.
Waren dat Wënsch vun Deemools,
déi Haut net méi méiglech sinn.
Gëtt méi kal op eisem Planéit,
Mënschen hu sech geännert.
Si goufen sech friem!
Jean Bodry den 30. Abrëll 2020.
Keine Kommentare:
Kommentar posten