Freitag, 24. April 2020

Kee Gewëssen fir Sozial Solidaritéit!

Stréimännercher.

Keen Gewëssen fir Sozial  Solidaritéit.

Ass et datt, wat Gewerkschaft vun de Staatsbeamte ënner Solidaritéit versteet?
Wat ass den Ënnerscheed vun engem Staatsbeamten an engem Beamten deen an engem privaten Betrib agestallt gouf, fir eng bestëmmten Aarbecht ze maachen!
Wat ass den Ënnerscheet vun engem Aarbechter den beim Staat schaft an engem Aarbechter den an engem privaten Betrib schafft?
Den Ënnerscheet ass den Ënnerscheed tëschent deenen zwee Gehälter an dem Loun!
Firwat muss een Beamten, deen beim Staat seng Aarbecht meescht, dat duebelt un Rent kréien, wéi een deen iwwer 40 Joer an de Stolindustrie geschafft?
Een Beispill aus mengen Erënnerungen!
E Stot, deen aus engem Schoulmeeschter, Fra Léierinne an hir Duerschter war och Léierinne an den Eedem op de Post, si haten iwwer 30 000 Euro de Mount fir an hirem Stot ze Liewen! Si woussten net wat se mat de Sue sollten maachen an hunn sech all Joer een neien Quartier kaf, fir ze verlounen!
Spezielle wat Rente betrëfft!
Déi Sozialgrenz, wou mussen vum Gehalt oder Loun, Sozial Bäiträg bezuelt ginn!
Muss ofgeschaaft ginn!
Dat ass de Virus vun all Sozial Ongerechtegkeet!
A keng Rent dierf méi héich sinn, wéi datt wat eis Volleksvertrieder an de Chamber kréien!
No der Kris mam Covid - 19, ass eis Gesellschaft net méi esou, wéi se Haut ass!
Dozou gehéieren och déi sozial Ongerechtegkeeten, déi sech an de Vergaangenheet mat Hëllef vun de Politik op gebaut gouf!
Deem Staat säin Haus dat voll mat Bevirdeelegungen ass, fält soss an een Koup!
An de Kris mam Coronavirus, sinn Ongerechtegkeeten, wéi Spargelen ëm dës Zäit ënnert dem Platik gewuess!
Et ass net einfach een Thema un ze spriechen, datt bis virun de Kris mam Coronavirus ënnert der Décken gehale gouf!
Et kann awer net esou virugoen!
Da Staat ass kee Goldiesel!
Ëm Staat säi Trapp Schof, musse vum Staat virun deem bësse Hond deen ze réist, geschützt ginn!

An  enger gerechter Solidaritéit!

Jean Bodry den 24. abrëll 2020.

 

Keine Kommentare:

Kommentar posten