Mittwoch, 29. April 2020

Do leit Krom an de Heck!

Jean Bodry Blogger - Schief doduerch.

Do leid Krom an de Heck.

Wann Gesondheetsministesch mam Fuerschungsminister eng  Presse= konferenz kënnen halen, maachen ech och eng Pressekonferenz, mam President vun de Copas! Wéi an de Spillschoul.
Familljeminister wëllt de Ministesch vun Gesondheet weisen, datt et méi Fräiheet an den Alters- an Fleegeheemer gët wéi si dat mengt,  sech méi op maachen fir de Besuch an Benevollen, mam bäibehalen vun de Virschrëften vun der Gesondheetsministesch! 
Eng Pressekonferenz ass net nëmmen eng Méiglechkeet fir iwwer RTL ze soen wat neits gëtt bäi de Versuergung vun de Bewunner an den Alters- ab Fleegeheemer! Awer, och fir iwwer Zoustänn   an den Heemer ze schwätzen! Stierwen do och Bewunner, eleng?
De President vun de Copas huet am Ëmfeld an engem Niewesaz  beschriwwen, datt seng Mamm och an engem Fleegeheem ass. Déi Mamm gëtt bestëmmt gutt versuergt?
Wat dee Bewunner un Ofwiesslung gebueden gëtt, ass wéi eng Kopie um Strand vun  Copascabanas mat Musek an Dänzer! Si kréien  Bicher ënnert engem grousse Sonneprabbelie an allen Sproochen am Park virgelies!
Mat mengen 88 Joer, huet dat mech net iwwerzeegt fir de Moment an een Altersheem ze goen!
Op schonn et ëmmer mäi Wonsch war an dat nei Altersheem op Rëmeleng ze goen. Zu Rëmeleng fillen ech mech do Heem.
Non hunn Zwee Buergermeeschteren vun Rëmeleng, den Wonsch fir een neit Altersheem mat an hiert Graf geholl!  Dat wäert mir och bevirstoen! Wann meng Äschen um Téitenger Kierfecht gestreet ginn!
Wat mech zeréck hält fir an een Altersheem ze goen an léiwer   do Heem a mengen véier Maueren ze bleiwen!
War Noriicht, datt 29 Bewunner aus den Altersheemer an Fleegeheemer um Covid-19 zu Lëtzebuerg gestuerwen sinn! Dat ass eng relativ kleng Zuel!
Datt heescht an de Realitéit,  all Drëtten deen um Covid-19 zu Lëtzebuerg gestuerwen ass, koum aus engen Altersheem oder Fleegeheem vu Lëtzebuerg!
Wat geschitt mat deenen vun Iech esou héich gelueften Benevollen, wann een sech mam Covid-19 infizéiert an dru stierft ? Oder een Bewunner vum Heem ustéicht an deen dru stierft?
Madamm Familljeministesch, datt Alters- an Fleegeheemer ënner de Verwaltung vu Copas net esou geréiert ginn mat deem vollem néidegen Schutz fir déi Vulnerabel Bewunner an dësen Heemer an géint de Covid-19 ze schützen! beweisen déi 29 verstuewen  Bewunner an den Heemer!
Natierlech ass een Alters- a Fleegeheem kee Prisong! Do huet dir Madamm Recht!
Mäi Noper mat dräi Kanner liewen awer schonn sechs Wochen an esou engem Prisong.
Et kann een de Bewunner net dat Blot vum Himmel verspriechen, wann Land sech an enger Reeperiode befënnt!
Gouf Solidaritéit an de Regierung falsch verstanen?
Ofwaarden an Téi drénken!

Den 29. Abrëll 2020.

 

Keine Kommentare:

Kommentar posten