| De Hutt um Huttbierg. |
Denkmal am "Sperrewee" 2048.
Bopa, wou gi mer, haut hinn!
Mer ginn op Keel an de Sperrewee bäi Denkmal wou een un all déi Biergleit kann denken, déi an de Grouwen hirt Liewen verluer hunn!
Bopa, datt ass awer weit!
Am Joer 2048 fléie mer Helitaxi bäi Léif Frächen!
Datt gëtt awer deier?
Hunn ee puer Bongen gespuert!
Bopa, den Helitaxi ass do!
Oh! Bopa, Diddeleng ass awer schéin vun uewen hei de Gehaansbierg a Keel!
Elo si mer do! Eraus mat iech!
Bopa! Wat huet de Mann d?0 fir en Luucht!
Dat ass eng Karbidsluucht, déi an de Grouwen gebraucht goufen!
Hei op de Tafelen sinn Nimm vun deenen 1400 Biergleit déi an de Grouwen hiert Liewen gelooss hunn! Menger Mamm hire Papp hat och een schwéieren Unfall, ass Ënnerwee fir an Escher Spidol gestuerwen!
An elo gi mer op den Huttbierg!
Bopa, datt ass wéi an engem Naturpark!
Virun 67 Joer gouf déi läscht Minière zou Lëtzebuerg zou gemacht!
Bopa! Hei si jo awer keng Grouwen!
Neen! Hei um Huttbierg hunn se Minette ënner dem Fräien Himmel ge buddelt, fir op Schmelzen!
An do ass déi schéin Landschaft entstanen?
No all deenen villen Joren, huet Nature sech dat erëmgeholl, watt zerstéiert gouf!
Bopa! Kuck do hannen !
Datt ass déi héchste Steilmauer an enger Minière an Europa!
Bopa gi mer bis op den Hutt!
Jo!
Bopa, hei ass ee klenge Séi! Däerf een dra Schwwammen!
Neen!
Elo gi mer iwwert Stroos, an da gi mer an de Musée déi Mines!
Wat eng Grouss Maschinne!
A wat stoung dann héi!
Datt waren Uewen, wou de Kallek gebrannt gouf!
An elo fuere mer mam Zuch an Galerie. Der musst ären Helm undoen!
Hei ass Temperatur ëmmer ëm 13.Grad!
Dat ass onheemlech! Bopa!
Grouwen waren kee Palast!
Hei, gëtt een hongreg!
Wa mer dobaussen sinn. Ginn gi mer an de Restaurant, an iessen eng Marmite du Mineur.
Wat ass dat dann!
Fréier hunn Kanner dem Papp säin Mëttesiessen an enger Marmite an Galerie bruecht!
Datt huet geschmaacht! Boma mol froen op si eis och esou eng Marmite ka kachen!
Hei, den Helitaxi ass do! Lo fléie mer nës op Diddeleng op Schmelz!
Datt war schéin! Bopa!
Bis Muer!
Jean Bodry den 24, Abrëll 2020.
Keine Kommentare:
Kommentar posten