Sonntag, 26. April 2020

Den Anarchismus huet et puer Gesichter.

Eng kreative Onuerdnung.

Den Anarchismus huet ee puer Gesichter.

Bopa! Mer hunn am Buch "Wierder vun de Fräiheet", dat däin Grousspapp geschriwwen huet, do ass auch een Essay iwwert den Anarchismus dran ze liesen!
Mäi Grousspapp de Jean Bodry, deen äre Urgrousspapp war, ass 2026 mat 95 Joer gestuerwen. An deem Buch huet hien seng Gedanken op geschriwwen, wéi hien Politik an der Zäit gesinn huet! 
Deen gréissten Deel vun sengem Liewen, waren batter Zäiten!
Fir ze verstoen, wat äre Urgrousspapp am Abrëll 2012 an sengem Buch geschriwwen huet. Muss ee wëssen wat äre Urgrousspapp fir een Mënsch war.
Wat war dann eisen Urgrousspapp fir een Mënsch? Bopa?
Hien huet ganz vill iwwer däi Zäit no geduecht an kritesch Kommentaren geschriwwen.
Hee, war Aarbechter an de Stolindustrie, war Fräie Gewerkschaftler, Sozialiste a Fräidenker! Säi politescht Zill war Gläichstellung vun de Mënschen, eng Gesellschaft wou et keng Aarm a keng Räich gëtt!
Deemools huet hien an deem Essaye iwwer de Sënn vum  Anarchismus geschriwwen! 
Wëll den Anarchismus ass nach ëmmer present an eiser Gesellschaft!
Huet erkläert, datt den Anarchismus vun Haut näischt mam Anarchismus aus dem 17. Joerhonnert ze dinn huet! Deemools war Zill vum Anarchismus, eng Gesellschaft ouni Herrschaften ze schafen!
2020 war de Wonsch am Vollek, datt Lëtzebuerg eng Republik soll ginn! An ofschafen vun de Monarchie! De Lëtzebuerger Staat hat sech schonn vun de Reliounen getrennt.
Den Anarchismus vum Kapital aus dem 21. Joerhonnert hat zum Zill, fir déi Sozial Gesetzer ofzeschafen an den Ënnerscheed tëschen Aarm a Räich nës méi grouss ze maachen!
Deen Anarchismus, gëtt et och nach Haut am Joer 2048.
Am Joer 2020 an de Kris mam Covid - 19, ass den Anarchismus nës nei ausgebrach, duerch dat ongläich verdeelen vu Steiergelder, sinn déi Räich méi räich an déi Aarm méi aarm ginn!
Mam Anarchismus vum Kapital, goufen am Joer 2032 Renten drastesch gekierzt!
An duerch eng Kasino Politik vun de Finanzen, goufen déi Sozial Eroungenschften zerstéiert!
Haut gesitt der, zu wat den Anarchismus vum Kapitalismus am Joer 2048 ge fouert huet!
Haut besteet eis Gesellschaft aus Mënschen, wou een wéi deen aneren u gedoen ass! De Staat leit an engem Koup! De Staat huet Schoulen zou gemacht! An eng Gesondheetspolitik gouf et net méi.
Vill Geschäfter sinn zou! Banken gëtt och net méi!
Datt wat mer Haut kréien fir ze liewen, si Bongen!
Bopa! Gi mer dann net méi an Schoul? Wann déi ëffentlech Schoulen sinn zou!
Dach an Schoul gitt der!
Wëll et Schoulmeeschteren an Léierinnen gëtt, déi halen nach Schoul, ginn awer net vum Staat bezuelt!
An déi Aarm kommen aus dëser verkrëppel Zäit, mat der onwierdeg Anarchie, als Gewënner eraus!
Wëll  Kanner vun de Aarmeen am Ënnergrond an Schoul goungen!
An domadder eng besser Ausbildung haten, wéi Kanner vun de Räichen! 
An den Haff?
Déi, mussen an der Zäit, hiert Schlass selwer botzen!
Neen!

Bopa! ech wëll och esou ee Mënsch ginn, wéi eisen Urgrousspapp Jang!
Dat kann een net léieren, och net op enger Uni, datt kritt een mat an Wéi geluecht!

Bopa, mer haten awer keng Wéi!

Aa, sou!

Jean Bodry den 26. Abrëll 2020.
 

Keine Kommentare:

Kommentar posten