Montag, 30. März 2020

Et ass mer net egal. zu wiem senger Virdeeler, eis Gesellschaft sech no de Kris mam Coronavirus verännert?

Ofwaarden.

Et ass mer net egal.

Zu wiem sengem Virdeeler eis Gesellschaft sech no de Kriss mam Coronavirus sech verännert!

Wann een ee läng lieft an de Quarantaine, muss een sech mueres munchmol froen, wat fir ee Wochendag an wéi ass den haitegen Datum?
Et huet een Orientatioun verluer! Wëll sech de Verlaf vun de Gewunnechten am Alldag sech verännert hunn.
Wéi ass Liewen no de Kris vum Coronavirus?
De Mënsch muss mat manner,  Fräiheeten versiichen ze liewen. Ass et datt, wat Mënschen wëllen!
Meng Fra ass, dëtt Joer 9 Joer dout! Hu mech un ee Liewen  ee läng ze liewen gewinnt! Hu mäi Programm, mat Hëllef vun Baussen déi mech bäi den Dokter begleet, Medikamenter an d' Apdikt siche geet an fir mech akafe geet! Hëllef do Heem ass wichteg.
Hunn nom Dout vu menger Fra oft gesot. Firwat hues du mech net matgeholl!
Hunn awer missen feststellen, dat de Mënsch nëmmen fir kurz Momenter eleng ass, iergend wou gëtt et ee Mënsch, deen de virdrun net kannt hues an ni gesinn. Deen un deng Dier klapp an freet brauch Dir Hëllef!
Deen éischte Moment hat ech Sprooch verluer, hunn een Ament méi spéit, Jo gesot!
Gëtt et nach esou eppes, bäi deene Egoisten.
Dat gesäit een och elo an de Kris mam Coronavirus! Wann een bereet ass, eng Hëllef vun engem frieme Mënsch unzehuelen, fënnt een ee Stéck Vertrauen an Respekt un aner Mënschen erëm!
Schreiwen al Dag een Blog oder méi, an deenen ech de Lieser vu mengem Blog matdeelen, wéi ech mech villen an wat ech denken, wat an eiser Gesellschaft vun de Zäit vun de Kris mam Coronavirus geschitt!
Wat an eiser Gesellschaft geschitt, mam Coronavirus ass den Entzuch vun engem Deel vun de Sozialen Errongenschaften.
Et ass mer net egal!
Op no de Kris mam Coronavirus net al Bierger Recht op Aarbecht huet!
Wéi weit, datt eis Recht op Fräiheet ageschränkt bléift a wat am Noutstand mat eiser Sozialer Gesetzgebung geschitt! Gëtt dat alles no de Kris mam Coronavirus nës opgehuewen?
Oder fänke mer, wéi no all Krich, nës vu virun?
Steet de Mënsch oder Wirtschaft am Mëttelpunkt!
Oder ginn erëm Zoppenkiichen op geriicht fir déi Mënschen, déi keng Sue méi hunn vir sech selwer eng Zopp ze kachen?
Eppes ass sécher, Schéier tëschen  Aarm an Räich geet an de Kris méi weit aus enaner! 
An och Léin an de privater Betriber an den ëffendlechen Betriber!
Gi méi weit ausenaner!
Betriber hu an de Zäit wou déi Fräier Wirtschaft floréiert huet, an  vill Geld verdéngt. An op eemol sinn se aarm wéi eng Kierchemaus!
Mer brauchen an dëser Zäit staark Gewerkschaften an Parteien an de Oppositioun fir Politik vun enger wirtschafts Politik géint de Mënsch, nës op déi richteg Schinnen ze sëtzen!
Eng sozial Gesondheetspolitik ass ofgeséchert! Wéi laang?
Awer eng Kubelbotsch voll vun Sozialen Ongerechtegkeeten hunn sech elo schonn ugesammelt, déi net an eng Fräier Sozialer Wirtschaftspolitik gehéieren!
Fir eng Verlängerung vum Noutstandsgesetz, werd et an Chamber keng Absolutt Majoritéit méi ginn!
An dat ass och gutt esou.

Jean Bodry den 30. Mäerz 2020.
 

Keine Kommentare:

Kommentar posten