![]() | |
| An de Buerg. |
Een Bouquet Blummen.
Et ass schonn depriméiert an och opmonteren, wat een alles op den Sozialen Netzwierker geschriwwen gëtt!
Meeschtens gët Gesondheetspolitik vun de Regierung an Gesondheetsministesch Paulette Lenert gelueft!
An dat ass och gutt esou!
Awer ëmmer nës gëtt et Leit, déi versichen de Regierung hir Aarbecht schwaarz ze maachen! Et ass nu mol net ee Mënsch, wéi den aneren Mënsch an enger Multikultureller Gesellschaft. op eisem Planéit.
Och, datt ass gutt esou!
Et erënnert mech un eng Blimmchen op de Weed am Eisleck, déi vum, kale Wand, deen iwwert Eifel op Heet bléist, hin an hir geblosen!
Wärend Feierblummen, Karblummen an Jongfra am Gréngen sech wéi Gesondheetspolitik op de Felder an eisem Land gemacht gëtt, danzen.
Steet déi kleng Margréitchen, do niewent an dierf net mat danzen! An beklot sech, dat hiert Liewen schonn schwéier genuch ass an einfach platt getrëppelt gëtt! An mat deenen aneren Dräi, gi Bouqueten gemacht, déi vum Vollek bewonnert ginn!
An all Bouquet gehéieren rout Rousen!
Eng Blimmchen meescht nach laang kee Summer.
An Ouschterblummen kee glécklecht Ouschteren!
Schonn oft sinn Tulpen op Ouschteren Mueres erwächt an haten an de Nuecht, eng Mutz mat Schnéi ugedoen kritt!
An Schnéiklacken hunn hinnen ee schéin Ouschteren gewënscht!
Meeklacken hoffen, dat den éischt Mee schéin Wieder ass.
De Coronavirus huet dofir gesuergt, datt et fir vill Leit kee schéint an glécklecht Ouschteren méi gët!
Fir de Moment muss mat vill Gedold an Disziplin Ouschteren esou geféiert wéi de Coronavirus et zou léist!
Den Ouschterhues kann seng gefierften Eeër am Gaart oder am Quartier verstoppen! Dann hunn Kanner, deen Dag schonn mol Freet!
Grillen an de Natur maache mer beim nächsten Ouschterfest!
Vill vun eise Matbierger op eisem Planéit, hunn et net gepackt bis no Ouschteren, nach bäi eis ze sinn!
An de Poopst Franziskus wërt den Orbi an Urbi virun enger eideler Petersplaz de Katholicken um Planéit matdeelen!
Och dat stéiert den Coronavirus an Italien net, de Mënschen den Otem ze huelen.
Ech sinn eleng, wéi vil aner Leit och, mat engem kaaften Ouschterhues aus Schokolat!
Wat deen Dag gekacht gëtt, wës ech nach net!
Dee schéinste Cado fir Ouschteren fir all déi Leit déi eleng sinn wär, wann Si op Ouschtersonndeg eleng aus hirem Bett kënnten opstoen an undoen an wéi al Dag hire Kaffi maachen, an dat gefierften Ouschteree selwer kënne schielen.
Fréie mech op Ouschteren!
An denken un déi wou eis verlooss hun!
De Wee am Liewen ass oft knubbeleg, deen ee muss goen!
An dat ass och gutt esou!
Wou ee brauch fir Liewen ze schätzen!
Jean Bodry den 31. Mäerz 2020.

Keine Kommentare:
Kommentar posten