Dienstag, 24. März 2020

De Moieskaffi, eleng!

Ee frieme Kaschtgänger.

De Moieskaffi, eleng!

Eleng do Heem op Ouschtersonndeg, hunn ech den Dësch gedeckt, Botter, Gebeess, Jughurt an een roud gefierften Ouschteree. De Kaffi leeft an ee Brëtschen aus de Cafeteria  vum CHEM vu Geeschter.
Frëschen opgeschotten Kaffi mat Mëllech mat dräi Stécker Zocker!
Eleng do Heem op Ouschtersonndeg, ass net esou einfach.
Brëtschen an de Mëtt duerchgeschnidden, Ouschteree geschielt , déi zweet Hallschent vum Brëtschen mat Botter geschmiert. D'Ee an fënnef Tranche ge schnidden. Hunn Tranche vum Ouschteree op meng Brëtschen geluecht. Bild vum  Brëtschen huet meng kreativ Oder aktivéiert.  Deemno wéi ech Brëtschen gedréint hunn, hat ech  een anert Bild!
War hongereg an hu mäin Konschtwierk giess!
Hu mäi Kaffi geschlürft, mäi Gomme ass lues a lues erwächt!
Kaffisaatz liesen kann ech net.
Meng Gedanken hunn mech zeréck an meng Kandheet gefouert!
Am Joer 1939 hat ech aacht Joer.
Meng Elteren haten eng Wiertschaft beim Portal vun de ARBED op de Schmelz zu Diddeleng.
Hat ëmmer Stolwierk a mengem Bléck an de Stëpps vum Stolwierk zwëschen den Zänn.
Ka mech net drun erënneren, datt meng Mamm eemol Wäsch an de Loft gedréchent huet.
Um Wee fir mueres an Schoul, waren Stroossen an Trottoiren mam Stëpps vum Stolwierk beluecht!
Et konnt een Spueren vun de Vëloen gesinn, mat deenen Aarbechter schaffen gefuer sinn!
Op de Schmelz war al drëtt Haus eng Wiertschaft. fënnef Bäckeren an Metzleren, dräi Schousteren an véier Danzsäll an Epicerien.
Hanner eiser Kichendier an de Wiertschaft, houng eng Leescht fir Suen ze sammelen, fir déi Jongen déi fräiwëlleg an den Internationalen Brigaden an Spuenien kämpfen gaangen sinn.
Den 1. Mai war op de Schmelz de Feierdag vum Joer. An aller Fréi gouf schonn geschoss. Meekränz gebonnen an déi grousse Meekranz fir am Cortège stoung bäi de Famillje Müller an de Hondsgaass.
Op de Schlakemillen goung de Cortège fort Mam Meekranz an goung op Maartplaz. Wou Riedner gewaart hunn!
Jiddereen am Cortège krut eng roud Blumm aus Kreppabéier.
Ënnert de Kläng vun de Schmelzer Musek ass ganz Famillje den Deich of an Duerf getrëppelt.
Aus dem Näischt komm eng Loft op, alles ass tennescht an dierweg geflunn, et gouf eng Schauer nidder, Blummen aus roudem Kreppabeier hunn Hiemer an Paltongen gefierft.
Dat huet kee gestéiert et war den Féierdag vun de Aarbecht.
Et gouf weider ge féiert bis an den fréie Mueren!
Haut 80 Joer méi spéit, sëtzen an menger Fotell hannert de Fënster eleng.
Dës Kéier ass et de Coronavirus, dee Schold drun ass, datt ech elemg do Heem musse bleiwen!

Et kënnt och nach eng Zäit, nom Coronavirus!

Passt op iech op!

Jean Bodry den 24. Mäerz 2020.
 

Keine Kommentare:

Kommentar posten