| Kreatioun mat Blieder Nr. 4 |
Dag fir Dag, een Stéck Heemecht manner,
an al Dag, een Stéck Bëtong méi.
All Mueren eng nei Noriicht vun de Zerstéierung vu Lëtzebuerg.
War Lëtzebuerg net gutt, wéi et zwee Joerhonnert laang war?
Muss eis Land zou betonéiert ginn, wéinst dem Wuestum?
Mussen esou vill wéi méiglech Gemengen zesummen geluecht ginn? Geet et de Mënschen an den Dierfer da besser an enger grousser Gemeng! Wou Weeër déi een ëmmer zou Fouss konnt
maachen, elo muss mam Auto, oder um Computer muss erleedegen. Ginn déi al leit zum Gerëmpels an de Digitaler Welt?
maachen, elo muss mam Auto, oder um Computer muss erleedegen. Ginn déi al leit zum Gerëmpels an de Digitaler Welt?
Regierung ass dobäi, Heemlechkeet an eisem Land, déi iwwer Bierg an Dall, Bësch a Wiesen am Duerf an de Stied ze zerstéieren.
Eng Heemecht ouni Heemlechkeet, léisst den Androck entstoen, wéi wann eis Heemecht, mat de Zäit ëmmer méi Friem gëtt!
Et huet näischt mat de Multikultureller Gesellschaft zedinn!
Mënschen an de Minette hunn duerch Industrialiséierung mat Zäite geléiert an enger Multikultureller Gesellschaft ze liewen.
Déi aus der Minette, si gären Sonndes an Eisleck, an de Grénge Bësch op Sauer Picknicken gefuer!
Haut kënnen déi Al, deenen Jonken oder frieme Mënschen net méi soen, wéi een an déi schéin Ecker vun eisem Land fueren muss, fir dohinner ze kommen!
Mat al deenen Autobunnen fiert ee laanscht déi schéin Ecker vu Lëtzebuerg!
Déi Zäit, wou nach an al Duerf eng kleng Epicerie a Wiertschaft war, wou de eegen aarteger Ambiance vum Duerf erhalen bluff, an dir Atmosphär et mat senger Famillje, so richteg gutt konnt goen loossen!
Lëtzebuerger Sprooch ass duer gaangen fir op Rees duerch dat schéint Lëtzebuerg sech ze verstännegen!
Haut missten Geschäfter, Wiertschaften an Restaurateuren schonn de Lëtzebuerger Fändel aushänken, fir datt Clienten wëssen, hei gëtt Lëtzebuerger Kascht, eng Hameschmier an eng Kachkéiseschmier mat Lëtzebuerger Moschter.
Hu mer zu Lëtzebuerg, mat deen iwwerdriwwenen Woulstand, de Verloscht vun engem Deel vun de Lëtzebuerger Geschicht verluer.
All Dag koumen Frontalieren op de Lëtzebuerg schaffen, fir an de Groussregioun ze iwwerliewen!
Ouni Frontalieren géif, et de momentanen Woulstand net ginn!
Ass de Woulstand zu Lëtzebuerg net Ursaach vun de Aarmut an Auswanderung vun Leit déi ëmmer zu Lëtzebuerg gewunnt a gebueren goufen!
Sech, Lëtzebuerg net méi kënne leeschten!
Iergendwann trëfft Realitéit vum Wuesstem Lëtzebuerg, esou richteg vun vir!
Wann se de Frontalieren fir hir Aarbecht fir de Woulstand, mat de Renten mussen zeréck bezuelen!
Héich vun hiren Renten hänkt net nëmmen vun de Cotisatiounen of, déi si an AIV abezuelt hunn. Och de Staat muss säin Deel bäileeën.
An Milliarden vun Euroen an Groussregioun un Renten musse schécken, déi och an Wiertschaft vun de Groussregioun fléissen!
Da ergeet et Lëtzebuerg wéi all aner Natioun déi mat de Kolonien iwwer hir Verhältnisser gelieft hunn!
An Realitéit huet déi Länner zeréck geholl an hir Länner sinn veraarmt!
Den Haff vu Lëtzebuerg suergt och fir vill Gespréich, mat al de Gedeessems ëm Groussherzogin Maria - Teresa, déi sech net wéi eng Fra vum Groussherzog Henri soll beholl hunn!
De Schreiwer vun dësem Blog, ass och fir eng Republik!
Verléieren Lëtzebuerg mat de Ofschafung vun de Monarchie net och een Stéck Heemecht!
Ass an de Republik, Lëtzebuerg nach ee Grand - Duché?
Jean Bodry den 19. Februar 2020.
Keine Kommentare:
Kommentar posten