Samstag, 29. Februar 2020

Op de Knupp Hannergréngkréischelen.

Instrumenter fir Blosmusek.

Op de Knupp  Hannergréngkréischlen.

Op de Knupp stoung virun ee puer honnert Joer eng Buerg mat engem Tuerm an enger Klappbréck, do haten sech een Duerfgraff mat senger Gräfin nidder gelooss.
Wou de Grof mat senger Fra an de Kanner an eng Kuebelbotsch voll Bedéngter an Ritter déi mat him eraus geridden sinn, wann den Duerfgraff bäi den Piechter Stéieren a kasséiert huet!
Hien gouf ëmmer vun engem vum Herrgott sengem Buedempersonal begleet. Wann Piechter net wollten bezuelen, huet hien hinne mam Kräiz gedréit, datt se an Hell géife kommen, wann hir Pacht net un de Graff géife bezuelen!
An hir Felder mat de Béischten a Feier op goen!
Op eemol Stoung dem Piechter seng Groussmamm virum Paff an huet him mam grousse Hiweisfanger op hien gewisen! A sot du Schäissbatti bass du Lidderhaanes nach just gutt fir de Paff ze spillen! 
An ganz Duerf huet u gefaangen den Te Deum ze sangen! Do huet de Schäissbatti dem Späizkätti, säi Bouf, seng héisch Kapp an Sutan aus gedoen an huet sech duerch Brenndesselen duerch Bascht gemacht!
Den Grof ass nës op seng Buerg zeréck geridden!
Wou seng Fra an hirem Tuerm sutz ze brodéieren an een vun Schrëftgeléierten huet hir eng Geschicht virgelies!
Wéi op de Buergmauer, Wiechter u faangen hunn ze troteren, an Zeréckkommen vum Buerghär u gekënnegt hunn!
Huet dee Schrëftgeléierten säi Buch zesummen geklappt, huet een Kniggs gemacht an huet sech an seng Schreifstuff zeréck gezunn!
Dem Buerghär seng Fra war därmoossen am Schwéiss! Zwee Déngschtmeedercher hunn se missen kal bueden!
Wéi hire Mann an hiert Zëmmer koum an senger Fra gezielt huet, datt seng Piechter net méi wëllen bezuelen! Sinn hir Tréinen wéi gëlle Pärelen iwwer hire schéine Seidene Rack gekullurt!
An ee puer vum Personal hu misse goen!
Wéi de Kinnek op sengem gëllene Schlass, zou Oueren krut, wat op der Buerg zu Hannergréngkréischelen  lass wär, huet hien säi beschte Luussert op Buerg geschéckt, fir dem Kinnek een Rapport iwwert Zoustänn ze schreiwen.
De Luussert ass dräi Deeg an dräi Nuechten duerch déck an dënn,  Reen an Wand  iwwer Bierg an Dall geridden fir op Buerg!
Hien hat dräi Rulloen Pergamentpabeier an eng Schwéngsbloss Tënt bäi sech. 
Ausser Otem ass de Luussert op de Buerg ukoum!
De Buerggraff huet hien mat groussem Respekt ëmfaangen.
Dem Grof seng Fra huet dem Luussert kal Schëller gewisen!
Wéi de Luussert u gefaangen huet iwwer Ëmstänn op de Buerg ze schreiwen, duerch hien kann s du dem Kinnek dat alles op schreiwen!
Wann de Kinnek dat liest, gëtt hien blo vun Ierger!
De Grof huet dierfe bleiwen, muss datt maachen wat hien vum Kinnek gesot kritt!
An seng Fra ass keng Gräfin méi!
Dem Grof seng Fra huet sech net ënnerdrécken gelooss! Ass op engem wäisse Päerd duerch Kinnekräich geridden, bis si an eng Géigend mat roudem Buedem koum, wou Kamäiner gedëmpt hunn, déi méi héich wéi Tierm op hirer Buerg waren!
Nodeems si sech an de Uelzecht gewäscht hat, goung se zu Fouss an Duerf mat de Kamäiner!
An duecht hei bleiwe ech. Goung op de Gaalgebierg fir sech dat Duerf vun uewen un ze kucken!
Huet sech een Haus op engem Bam gelount!
Oh mäi! Hei liewen Leit nach op de Beem!
Wéi de Kinnek gewuer gouf, datt si an de Minette wär an engem Bamhaus géif wunnen!
Ass de Kinnek, mam Minister deen zoustänneg ass fir Beem ëmzeseeën op de Gaalgebierg geridden an huet de Bam mam Haus ofgeseet!
Fra war foxdäiwelswëll an Hoer stoungen hir zu Bierg.
Fra gouf vum Grof an eng Kutsch mat véier Päerd, Zeréck op Buerg op de Knupp Hannergréngkréischelen gefouert!
Wéi de Kinnek héieren huet, datt de Grof schlecht dru wär. Huet hin se Rum geholl, wou es och gestuerwen sinn.  Si goufen um Kierfecht vum Siechenhaff begruewen.

Jean Bodry den 1. Mäerz 2020.

 

 

Keine Kommentare:

Kommentar posten