| Op de Leederen. Rëmeleng. |
Manner Idealismus a méi Pragmatismus.
Manner Idealismus an de Politik vun LSAP an méi Pragmatismus, do ginn nom 8. Mäerz 2020, Ecker vun de LSAP ewech geschlaff an méi Pragmatismus bedeit datt de LSAP - Politiker de Bierger kënnen erzielen egal wat.
Als Member vun de LSAP froen ech mech, op wat fir engem Kläpper déi Fënnef geridden sinn, fir de Charakter vun esou enger éierbarer Partei zou ze schneiden fir an Zukunft net méi bäi deenen aneren Parteien un ze ecken!
Wann de Kongress zou stëmmt fir ee esou eng Iddi an Zukunft politesch ëmzesetzen, mussen Delegéierter um Kongress sech bewosst sinn, datt si gestëmmt hunn, fir datt LSAP, méi no riets réckelt!
An sech méi mat de Politik vun de CSV identifizéiert!
An de Terrain fir déi nächst Regierung preparéiert?
An de Terrain fir déi nächst Regierung preparéiert?
Firwat wëllen déi Fënnef, de LSAP dat undoen?
Méi Pragmatismus an manner Idealismus kann een an de Gemengen vun den dräi LSAP Buergermeeschter maachen, geet awer net an de Landespolitik!
Nach eng perséinlech Fro un LSAP.
Fir wat kann eng Fra, net duerch eng Fra als Kandidatin fir de Posten als Presidentin ersat ginn?
Ginn et keng Fraen an de Gremien vun de LSAP!
De 7. Mäerz 2020, ass de groussen Dag, wou Fraen zu Lëtzebuerg streiken!
Eng Presidentin fir LSAP, wär ee gutt Zeechen, fir méi Rechter fiert Fraen!
Der wëllt Monarchie ofschafen, behuelt iech awer wéi Monarchie!
Et wär och gutt fir méi Demokratie an de LSAP, wann Memberen hir Presidentin oder President wielen kënnten!
Oder sëtzt iech de Vott beim leeschte Referendum, nach ëmmer an de Glidder?
Mol ofwaarden, wat op eis zou kënnt.
Jean Bodry den 25. Februar 2020.

Keine Kommentare:
Kommentar posten