Donnerstag, 27. Februar 2020

Schnéi.vu Geeschter.

Do war et nach eng Freed, Joffer ze sinn.
  
Schnéi vu Geeschter.
Duerch Stuffefënster, gesinn  wéi an engem Film, déi real Zukunft!
Als Kand hun ech net dierfen an déi gutt Stuff goen an duerch Fënster kucken, wann Schnéi gefall ass!
Mer haten kee Schoulfräi wann et eemol geschneit huet! An menger Schoulzäit waren Wanteren nach batter kal an trotz de Keelt ware mer ëmmer do Baussen.
Wa mer mueres sollten an Schoul goen, an an de Nuet war Glëtz gefall, mat eise geneelte Schong, net die Bierg erop koum sinn. huet Mamm eis ee Puer al Strëmp iwwer Schong gezunn, an da goung et an Schoul! Oft hate mer de Neelchen an de Fangeren. Et gouf kee Pardon. An Schoul hu mer misse goen!
No de Schoul si mer um Heemwee, Trapen um Schoulsak erof gerutscht! Hunn um dem Gelänner iwwer dem Eiskeller  um Deich, eis Muttprouf gemacht! Wou mer Spëtz vun de Zong wiedert Gelänner gehalen hunn, bis dat se ugefruer war!
Wa mer no de Schoul do Heem waren goung et bäi de Bäcker Brout kafen. An Knaus als Bäiluecht beim Brout, déi hate mer schonn giess ee mer do Heem waren!
Owes goung et bäi den Hartesch Batti een Quareli Branntewäin sichen fir de Bopa a mäi Papp. An ier mer an Bett goungen hat Mamm schonn eng eng waarm rout Zill an een Duch agewéckelt an Bett geluecht!
Ier et an Bett goung gouf et nach eng gebake Bier oder Apel, déi am Uewen vun de Kachmaschinn gebackt goufen! 
Wann mer mueres erwächt sinn waren an de Fënsteren, Äisblummen!
Am Wanter gouf et Mueres ëmmer eng Abréch mat Zocker an ee Schnatt Botter am Rëmelenger Kaffi!
Hu mech ëmmer gefreed wann mer Gesang haten, dann huet Jean Eifes op senger Gei gegeit an mer hu Pärele vum Da gesongen!
Et gouf och eemol schlecht Momenter! Mer hunn an de Pause am Schoulhaff mat Schnéiklatzen gekricht! Et war Päsch eng vun mengen Schnéiklatzen huet Anni Turnprofessorin, sou richt an Gesicht getraff! Awer do huet gedonnert!
Am Reliounsuntericht mam Kaploun Ewerhard, haten déi Kanner wou mueres net an de Mass waren keng Freed! An muncher een gouf virun Dier gesat!
Awer datt goung net ëmmer riet aus. De schéine Schmitt war Kaploun, an hat sech Fräiheet geholl, zou engem Meedchen an Schoul um Strutzbierg ze soen, Meedchen aus dem Quartier Italien wär eng Pafefrësseg. Äntwert war de Kaploun krut am Schoulsall eng op de Bak, datt hien Klacken héieren huet lauden! 
Revanche war, den Kaploun hat an den zwee Rieder vu sengem  Vëlo zwee Platten, an huet säi Vëlo bis an Schmiddepärtchen missen drécken!
Eng flott Saach war an de Paus gouf et eng Tase waarm Mëllech mat engem Mëllech Bréitchen!
Ech hunn net dierfen mat an Mëllech goen, war ze déck!
Datt ech hongereg war, huet kee gesinn!
De Wanter war Zäit, wou Hondsiersch gutt waren fir ze iessen!
Déi hate mer am Park vum Casino geklaut! A goufen an engem Tirang vun de Kamoud versuergt!
Am Wanter war och Zäit wou Schwäin geschluecht goufen!
Da gouf et Träipen, Pate, Gesolpertes an déi éischt Zoossiss an de Hascht huet missen dru gleewen!
Mer hate net Datt, wat Kanner Haut hunn!
Trotzdeem, hate mer eng schéin Kannerzäit!

 Jean Bodry den 27. Februar 2020.  


 

Keine Kommentare:

Kommentar posten