Montag, 27. Januar 2020

Mat de Bedreiwer vun Auschwitz, eleng gelooss.

Um Blummemaart.

Mat den Bedreiwer vun Auschwitz, eleng gelooss.

Bierger vu Lëtzebuerger goufen am Zweeten Weltkrich, eleng gelooss mat enger Besatzungsmuecht, déi och Bedreiwer vun Auschwitz an aner KZ an Deportatiounslageren waren.
Auschwitz ass net vum Himmel gefall, gouf gesot!
Awer villäicht mam Himmel, sengem Buedempersonal! De Poopst den de Bedreiwer hir Waffen geséint huet. An ënnert dem Mussolini ass de Vatikan een Staat ginn! Do muss een net alles gesinn!
Monarchie an Regierung woussten vun de KZ am däitsche Räich!
An hunn et virgezunn Lëtzebuerg léiwer ze verloossen.
An Juden déi zu Lëtzebuerg gelieft hunn, haten keng Chance ënnert de Nazien ze iwwerliewen! Ee puer haten et gepackt!
Och Lëtzebuerger, déi am Ënnergrond hiren Flichten als Patrioten no koumen, goufen an de KZ ermuert oder widder eng Mauer gestallt an erschoss!
Dem Risiko war eis Monarchie an déi deemoleg Regierung net ausgesat!
An nom Krich sinn si nës virun gefuer, wou si Lëtzebuerger Bierger mat hirer Jugend eleng gelooss haten!
Wéi déi grouss däitsch Firmen déi mat de Mënschen an de KZ  nach Sue verdéngt hunn!
Verblent vun de Befreiunge duerch Amerikaner, gouf vergiess si zu Rechenschaft ze zeien!
Haut stinn Bierger nës virun enger Entscheedung, wat mat de Monarchie soll geschéien?
Wëll de Respekt virum Personal soll feelen?
Monarchie oder eng Republik?
Haut schwätzt och kee méi zu Lëtzebuerg iwwer Trennung vum Staat an Reliounen!
Dat kënnt och mat de Monarchie geschéien.
Et kënnt een Vollek mol an engem Referendum froen wat se wëllen, eng Monarchie oder eng Republik?
Fir dat endlech, Kloerheet an déi ganz Ongewëssheet kënnt.

Jean Bodry den 28. Januar 2020.


Keine Kommentare:

Kommentar posten