![]() | |
| Buerglënster. |
LSAP ass een vun de Grondsteng vum Sozialen Fortschrëtt zu Lëtzebuerg.
Et ass egal wat Géigner vun de LSAP an den Sozialen Medien anonym schreiwen, si wëllen Verdéngschter vun de LSAP an deenen zwou leeschten Regierungen net wouer hunn!
An et ass net egal op LSAP an de Regierung ass oder net, esou de nach President vun de LSAP!
Et muss een schonn eng fatzeg Spläiter am lénken Aa hunn, fir net ze gesinn, datt den Aarmut zu Lëtzebuerg, dubbel esou héich wär, ouni Sozial Politik vun de LSAP an de Regierung.
Natierlech ass den Aarmut nach ëmmer vill ze héije an dem räichen Lëtzebuerg!
An esou munch Wittfra an Wittmann kraazt un de Aarmutsgrenz!
Matt enger neier Presidentin an dem Ëmbau vun de LSAP, an neien Regierungsmemberen, Sozialpolitik vun de LSAP gëtt méi staark an LSAP kënnt aus dem Schied vum Neoliberalismus eraus!
LSAP war ni eng neoliberal Partei an huet och ni eng neoliberal Politik gemacht!
Behaapten vun dem politeschen Irrsënn gouf fir een Politiker deen Wirtschaftsminister ass, eng Politik gemaach huet mat Zukunft, den a Wierklechkeet och eng gutt Sozial Politik gemaach huet!
De 4. Februar seet den Etienne Schneider, Äddi !
An siicht sech an de Privatwirtschaft mat sengem Wëssen, eng nei Verantwortung ze iwwerhuelen!
Déi nei Presidentin trëtt an de LSAP, een politeschen Posten un, wou vill Gedold an Ausdauer gefrot ass.
Fir den Ament gesäit et esou aus, wéi wann an de LSAP, Basis an de Wieler zimmlech vill Vertrauen Bach ofgaangen wär!
Eegesënnegkeet vun de lokal Politiker muss nës riicht gebéit ginn!
Vill vun den LSAP waren an de Lokal - Sektioun, wéi ausgeschloss!
Dat Gefill mer géifen zesummen un dem nämmlechten Strang zéien, ass mat de Zä verluer gaangen!
Dat kann eng Fra als Presidentin mat hiren Bauchgefiller nës behiewen!
Léif Genossen
nitt schéin brav,
är Matchogefiller an de Schaaf.
An de LSAP ass fir de Masoschismus keng Plaz.
Léif Genossen
nitt schéin brav,
är Matchogefiller an de Schaaf.
An de LSAP ass fir de Masoschismus keng Plaz.
Der neier Equipe vun de LSAP gutt Hänn bäi hiren Entscheedungen!
Jean Bodry den 30. Januar 2020.

Keine Kommentare:
Kommentar posten