Déi verflixten Dräi.
Wéi an enger grousser Famill, wou al Cousine an Koseng een Apel mat kritt!
Mir hunn eng Dréier Koalitioun, wou de Mastik vun de Fënsteren schonn zimmlech verwittert ass!
Mer hunn mam Etienne Schneider als Spëtzekandidat dräi Sëtz verluer.
Mer hunn mam Etienne Schneider als Spëtzekandidat dräi Sëtz verluer.
An LSAP brauch dräi Ministeren, fir een Minister ze ersetzen!
Dräi vun hiren haitegen Ministeren, goufen net Direkt gewielt!
Fir de Posten vum Partei-President vun LSAP, goufen dräi Mandatairen vun de LSAP virgeschloen!
Am viraus war gewosst, datt Zwee vun deenen Dräi dee Posten net géifen unhuelen!
An schonn huet een eng Cousine, déi Presidentin vun de LSAP soll ginn.
Et ass jo awer esou fir den Posten vum President vun de LSAP ze ginn, muss ee net Lëtzebuerger sinn, nach muss een eng weis Haut hunn et muss een net Atheist sinn, wat fir enger Relioun de Kandidat u gehéiert, steet Jidderengem de President oder Presidentin vun de LSAP wëllt ginn, fräi!
LSAP ass eng Demokratesch Partei , ouni rassistesch Naupen!
Viraussetzung ass et muss ee Member vun de LSAP sinn!
Wéi laang een an de LSAP, ass net gefrot!
Elo hunn ech Dier grouss op gemaach fir Kandidatinne oder Kandidaten fir de Posten vum LSAP President ze ginn.
An den Sektiounen ginn et vill Memberen, déi LSAP kënnen an eng besser Zukunft féieren!
Viralem sollen et keng Cousine an Kosengen sinn, déi Loscht op een Apel hunn!
Am Schoulhaff um Deich zu Diddeleng war et esou, de wou een Apel hat, gouf vun engem Kolleeg gefrot: " Loos mech eemol an däin Apel béisen"!
An deen Drëtten hätt gären de Batz gehat!
Op dat an de LSAP och nach Usus ass!
Wou een zou Dräi un engem Appell kann iessen!
Wou een zou Dräi un engem Appell kann iessen!
Steet fir déi Chrëschtdeeg an de Stären.
Jean Bodry den 25. Dezember 2019.

Keine Kommentare:
Kommentar posten