Demokratie!
Oder ?
Ee Staat an de Fesselen vun de Parteien?
Et ass al Joer, deen nämmlechten Oflaf vun den Chamberdebatten iwwer de Budget fir dat nächst Joer!
Ugefaangen gëtt mat groussem Tamtam, mam Budget op engem Chips fir dat nächsten Joer!
Och de Rapporter vum Budget kritt esou een Chips! Mam Thema Wuelbefannen!
Zesummen gefaasst, wéi Dréibicher fir dem Rosamunde Pilger seng Filmer!
Zesummen gefaasst, wéi Dréibicher fir dem Rosamunde Pilger seng Filmer!
Da kënnt de Rapporter an Chamber fir senger Meenung no, dat Positive an dat Negativen zur Diskussioun ze stellen!
De Budget misst eegendlech am Numm vun de Regierung vum Premier virgestallt ginn?
De Finanzminister spillt mat Zuelen, mat dësen Zuelen soll Regierung am kommenden Joer, Politik fir Bierger maachen, Mënschen déi net nëmmen aus Zuelen bestinn!
Et aus en Debat vun den Dafstommen!
Déi eng Säit vun den Chamber mat de Regierungsparteien lauschteren net no, wat Oppositioun kritiséiert um Budget!
An Deputéiert vun Regierungsparteien hunn hir Meenungsfräiheet an de Loge vum Portier ofginn!
Och wann si, Meenung vun de anerer Säit deelen!
Bäi de Ofstëmmung stëmmen Parteien aus de Oppositioun géint de Budget!
An Parteien vun de Koalitioun stëmmen do fir!
Et sinn Parteien déi ofstëmmen, net déi 60 Deputéiert!
Et sinn Parteien déi ofstëmmen, net déi 60 Deputéiert!
Egal wéi de Budget am kommenden Joer an Realitéit ëmgesat gëtt!
Wann mol an de Debatten, een Deputéierten sech seng Meenungsfräiheet hëlt, wat senger Meenung no, Wourecht ass!
Sprengt Regierung op hire Bänken ënnert de Plaffong a Kreesch dinn wéi um Spiiss an wäissen mam Fanger op den Deputéierten um Riednerpult. Wéi wann ee Schwarm Harespelen Regierung u graff hätt!
Och wann Bierger hei baussen Meenung vum Deputéierten deelen wat den Deputéierten gesot huet, mol guer net esou falsch war. Regierung huet an engem kollektiven Widdersproch, dat als Ligen duer gestallt!
Oder! Net wouer ass!
Déi Deputéiert sollen iwwer Wuelgefill vum Budget debattéieren a net iwwer déi schlecht Gefiller aus dem vergaangenem Joer!
Weider esou mam Jabel! De Jabel, voll gepaakt mat Skandaler sëtze mer an de Schapp vun de Regierung, wou mat de Zäit de Jabel mat de Skandaler entsuergt gëtt!!
Fir Demokratie ze erhalen, sollen Budget Debatten mat dem ale Modus ofgeschat ginn!
An duerch Meenungsfräiheet an den Debatten ersat ginn!
Aus Respekt virun al Deputéierten an de Lëtzebuerger Chamber!
Awer och aus Respekt virum Wieler!
Fir fräi Aussoen an de Chamber!
Nach een schéine Donneschden!
Bis Muer!
Mam Rapport vun den Budgetsdebatten um Diddelenger Maart!
Jean Bodry, den 19, Dezember 2019.

Keine Kommentare:
Kommentar posten