Samstag, 21. Dezember 2019

So, wéini s du plënners

De Bam verléiert seng leescht Blieder.

So, wéini s du plënners.

Et ass depriméierend no ze kucken, wéi eng Honnertjäreg Aarbechterpartei sech un de Muechtgeilheet vu hiren Parteimandatairen selwer hiriicht!
1919 huet et nach geheescht de LSAP an dem Land déngen.
Honnert Joer méi spéit, 2019 war Fro? Wat kann ech mat de Partei verdéngen?
De Wuestëm vun politescher Muecht ass fir Politiker an enger Sozialistescher Aarbechter Partei, den Ufank vum Een vum Déngscht un enger Vollekspartei!
Däi Zäit wou Politiker nach Genossen waren an zesummen an de LSAP Genossenschaft um Sozialen Fortschrëtt geschafft hunn.
An Fauscht gehuewen hunn am Zesummenhang vun enger lénker   Politik ze kämpfen. 
Wéi eng nei politesch Zäit u gebrach ass mat engem onkontrolléiertem Wuesstem, gouf Fauscht nach just an de Täsch oder an offgeschlossenen Reim gemaach!
Muss net Jiddereen gesinn, dat een Sozialist ass. Si fillen sech wuel ënnert dem Pseudonymme vu de Sozial Demokratie.
Sozial Demokratie ass ee politeschen Wischiwaschi, den an de Neon-liberaler Wirtschaft sech besser verkeeft wéi den Sozialismus!
An et ass eng Garantie, datt den Aarmut ni ofgeschafft gëtt awer weider méi grouss gëtt!
Wuerzelen vum Sozialismus bleiwen, och wann de Bam ofgeseet gëtt!

Wat mech als LSAP-Member erschreckt huet, war wéi den   Ausseminister vun de LSAP quasi an de Sendung vum Kloer Text den Datum vum Erauswerfe vum Wirtschaftsminister ge frot huet!
Dat war schonn ee staark Stéck!
Ech hu mech geschummt!
Dat hun ech an deenen iwwer 70 Joer wou ech Member an de LSAP sinn nach net erlieft!
Den Ausseminister vun de LSAP muss wëssen, dat säi Datum vum Erausworf ëmmer méi no kënnt!
Wéin aneren eng Grouf grieft, ... .

Wënschen iech,  dat Dieren bäi iech Doheem net Quiitschen!

Jean Bodry den 21. Dezember 2019. 
 

 

Keine Kommentare:

Kommentar posten