Een Aarbechter vun de LSAP, verléiss Regierung.
Vill Leit am Land wäerten, ouni de Etienne Schneider an de Regierung, mierken, datt déi wäitsiichtegt Wirtschaftspolitik an Gesondheetspolitik vum Etienne Schneider, dem Land wärd feelen!
Seng futuristesch Politik huet mat Momenter an eiser Gesellschaft een Onverständnes aus geléist, hien huet Wirtschaftspolitik op nei Schinnen gesat! Als Minister vun de Gesondheet hannerléiss hien eng gesond Gesondheetskeess!
Huet säi Zuch mat senger neo-liberaler Wirtschaftspolitik, sécher an déi Sozial Gare vun de LSAP gefuer, ouni den Sozialen Prellbock aus senger Verankerung ze rappen!
Et gëtt oft vergiess, dat den Etienne Schneider Wirtschaftsminister, net Minister fir Renten ass!
Hien huet Grenzen déi vun de LSAP mat engem roude Fuedem gezunn goufen, ni iwwerschratt!
Hien huet den alen Zuch vun de Wirtschaft duerch ee neien ICE aus gewiesselt!
Bierger kënnten dem Minister virwerfen, dat den den ICE vum Wuesstem ze schnell zu Lëtzebuerg gefuer ass an verschidden konservativ Politiker et net fäerdeg bréngen op den neien ICE mat drop ze sprangen!
Zäit , mam Päerd an Téimer, wär déi fortschrëttlech Politik an de Zäit vun de Digitalitaliséierung zu Lëtzebuerg net ze erreechen gewiescht!
Et ginn nach ëmmer Politiker déi léiwer eng Politik mam Päerd an Täimer géife weider maachen!
Natierlech war et fir vill Bierger onverstendlech fir op de Mound ze fléien an am Weltall, Asteroiden ze fänken, an Militärfliger ze kafen!
Zukunft wäert weisen, op déi Politik falsch oder richteg war?
Och dee nächsten Wirtschaftsminister vun de LSAP wäert mat dem neien ICE, weider Wirtschaftspolitik mussen maachen!
Och wann gemault, datt den Index manipuléiert gouf!
Manipulatioun vun Index ass eng positiv Sozial Politik!
Wëll bäi all Indextranche ginn Suen ëm 2,5 % entwäert!
Awer viraus gesat, datt Preisen musse stabil bleiwen!
Dem Wirtschaftsminister seng Politik war fir Wirtschaft eng gutt Politik!
Op de nächsten Minister vun de LSAP, dës Leeschtung, toppt?
Op de nächsten Minister vun de LSAP, dës Leeschtung, toppt?
Ass Politik vum Rescht vun de Regierung och gutt fir Bierger an Land?
Et ass Schued fir LSAP, datt si mam Etienne Schneider a mam Alex Bodry, een groussen Deel vun hirem politeschen Intellekt verléiert!
De LSAP, menger Partei wënschen ech fir nom Februar 2020 eng gutt Hänn fir hir Sozial Politik!
Jean Bodry den 17. Dezember 2019.

Keine Kommentare:
Kommentar posten