Dienstag, 24. Dezember 2019

Déi Dräi beim Geldautomat.

De Striewe. 

Déi Dräi beim Geldautomat.

Haut um Dag, wou de Jesus gebueren  soll sinn.
Stinn eng Kinniginne an zwee Kineken bäi de Krëppchen vun de kranker LSAP a verspriechen, LSAP op  dem Stierfbett,  ze retten an se nës gesond ze fleegen!
Et wär villäicht besser, Fleegepersonal vun de Parteibasis ze bestellen, dat net no de Sue kuckt, awer LSAP wëllt an ee neit politescht Fréijoer féieren!
Wann eng Partei, déi bäi schlechter Gesondheet ass an hir Wäerter vun hirer Analyse sech verschlechteren, soll een Hëllef vu baussen huelen!
Als Presidentinne oder President vun de LSAP, sinn aner Fäegkeeten gefrot, wéi ee Mandat!
Dat LSAP, Haut an engem schlechten Gesondheetszoustand sech befënnt ass net Schold vun de Parteibasis!
Déi Schëlleg sinn Mandatairen!
Dokteren déi nëmmen no de Sue kucken, si schlecht fir de Patient!
Partei huet nach Zäit fir sech ze erneieren bis de 4. Februar 2020!
Schwätz mat de Parteibasis!
Der musst et net maachen! Där kënnt et awer maachen! Där kënnt och sinn loossen,
Da féier dir LSAP iwwer den Jordan!
Esou niewe bäi gesot!
LSAP gehéiert net de hiren Mandatäiren!
LSAP gehéiert hire Memberen!
Siicht iech eng aner Partei, awer maacht LSAP net futti.

An Erënnerung iech  un eis Mammen an Pappen, déi LSAP grouss gemacht hunn!

Si hunn déi éischt Säiten vun de LSAP hirer Geschicht geschriwwen!

Jean Bodry den 24. Dezember 2019.


 

Keine Kommentare:

Kommentar posten